Virun allem Kanner wieren traumatiséiert. Si hätte keen Iessen, kee Waasser, keng Schoul, de ganzen Dach och soss näischt wéi Krich.
Den zerbommten Territoire wier net méi bewunnbar an eng Hongersnout wier imminent, warnen d'Organisatiounen. Israel huet déi Virwërf vum Dësch geweëcht, an erkläert, et wier genuch Iessen disponibel.
Israel huet d‘UN opgefuerdert hir Kapazitéiten dringend opzestocken, et géife méi Leit gebraucht ginn, fir d‘Hëllef an der Gazasträif ze verdeelen. Israel géif den Zivilisten an der Gazasträif keng Hëllef refuséieren, gouf dobäi ënnerstrach.