arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ G7-Staate kommen haut zu Evian zesummen - Dausende Mënsche protestéieren dogéint

Frankräich

|
reading time

1 min

G7-Staate kommen haut zu Evian zesummen - Dausende Mënsche protestéieren dogéint

Um Treffe vun de G7-Staaten zu Evian a Frankräich gëtt sech ënner anerem den US-President Donald Trump erwaart. Dem franséische President Emmanuel Macron no treffe sech do déi siwe gréisst Wirtschaftsnatioune fir sech ënner anerem mam virleefegen Accord tëschent den USA an dem Iran ze befaassen.

reading time

1 min

Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Kanada, Japan an d'USA kommen zesummen. Et soll esouwuel iwwer d'Reouverture vun der Strooss vun Hormus goen, mee och wéi et mam iraneschen Atomprogramm soll virugoen. 

Gëschter goufen et massiv Protester géint d'Treffe vun de G7-Staaten. Der Police no wiere ronn 20.000 Mënschen um Protestmarsch "No G7" bedeelegt gewiescht. De Protest huet an der Schwäizer Stad Genf stattfonnt, eng 50 Kilometer vun Evian ewech, well d'Protester a Frankräich net erlaabt goufen. 

Bei de Protester, un deenen och pro-palästinensesch a feministesch Gruppéierung deelgeholl hunn, gouf kritiséiert, datt um G7-Treffe wichteg Sujeten, wéi d'Bekämpfe vum Klimawandel oder d'Ofhängegkeete vu fossille Brennstoffer, keng Roll spillen. 

Vill Demonstrante kritiséiere virun allem, datt den US-President Donald Trump och dohi kënnt. 

Bei de Protester goufen et och Eskalatiounen, notamment goufen Autoen a Poubellen a Brand gestach. 

© EPA/CYRIL ZINGARO
(Foto: EPA/CYRIL ZINGARO)