Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ G7-Länner fuerdere méi humanitär Hëllef fir déi palestinensesch Zivilpopulatioun

Tokio

G7-Länner fuerdere méi humanitär Hëllef fir déi palestinensesch Zivilpopulatioun

Um G7-Sommet vun de wirtschafts-stäerkste Länner zu Tokio gouf um Dënschden Owend deklaréiert, et misst dréngend méi humanitär Hëllef fir déi palestinensesch Zivilpopulatioun an der Gazasträif erméiglecht ginn.

auto_stories

1 min

Den US-President Joe Biden huet an engem Telefonat mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu op en Neits eng humanitär Waffepaus gefuerdert. Den Netanjahu huet widderholl, et géif kéng Waffepaus ginn esou laang d‘Hamas déi 240 Geiselen net fräi léisst.

Um G7 huet Japan um Mëttwoch Moien och annoncéiert: D‘G7 Länner wiere weider gëeent an hirer Ënnerstëtzung vun der Ukrain am russeschen Agressiounskrich.