arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuerscher: Moleküll géint Iwwergewiicht kéint drastesch méi bëlleg ginn

Medezin

|
headphones

1 min

Fuerscher: Moleküll géint Iwwergewiicht kéint drastesch méi bëlleg ginn

Eng vun de bekanntste Molekülle géint Iwwergewiicht, Semaglutid, kéint an Zukunft och fir Länner mat niddregen oder mëttlere Revenue bezuelbar ginn. Dat schreiwe Fuerscher an enger neier Analys, déi e Freideg publizéiert gouf.

headphones

1 min

Semaglutid | © picture alliance/dpa | Roberto Pfeil
Semaglutid (Foto: picture alliance/dpa | Roberto Pfeil)

D’Substanz gëtt aktuell vum pharmazeutesche Konzern Novo Nordisk ënner dem Markennumm Wegovy oder Ozempic verkaf.

Enger Berechnung vu Fuerscher vum Imperial College London, der University of Liverpool an der University of the Witwatersrand zu Johannesburg no, kéint Semaglutid no Auslaf vum Patent fir nëmmen 28 bis 140 US-Dollar pro Joer produzéiert ginn.

Wichteg Entwécklung an der Medezin

D’GLP-1-Moleküllen, zu deenen och Semaglutid gehéiert, zielen zu de bedeitendste pharmazeuteschen Innovatioune vun de leschte Joren. Am Ufank goufen dës Medikamenter haaptsächlech géint Diabetes Typ 2 entwéckelt. Mëttlerweil hu si awer gewisen, datt si och besonnesch effektiv géint staark Iwwergewiicht sinn.

Trotz hirem Erfolleg bleift de Präis héich. An den USA kascht eng Behandlung mat Wegovy aktuell ronn 200 Dollar pro Mount, wat d’Accessibilitéit fir vill Leit limitéiert.

Patenter lafen an e puer Länner aus

D’Haaptpatenter op Semaglutid sollen nach dëst Joer an e puer Länner auslafen, dorënner China, Brasilien, Indien, Südafrika, Tierkei a Mexiko. Dat kéint d’Dier fir Generika opmaachen – also méi bëlleg Versioune vum selwechte Medikament.

Der Analys no kéint Semaglutid da fir manner wéi 3 Dollar pro Mount produzéiert ginn.