search

/ Friedrich Merz geet op Distanz zu den USA a setzt op Europa

München

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Friedrich Merz geet op Distanz zu den USA a setzt op Europa

De Friedrich Merz huet um Optakt vun der Münchener Sécherheetskonferenz fir ee méi staarkt Europa plädéiert. A senger Grondsazried ass den däitsche Kanzler op Distanz zu den USA gaangen an huet betount, datt déi transatlantesch Relatioun nei opgebaut misst ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Friedrich Merz op der 62er Münchener Sécherheetskonferenz  | © EPA/RONALD WITTEK
Friedrich Merz op der 62er Münchener Sécherheetskonferenz (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Mam franséische President Emmanuel Macron hätt hien och schonn éischt Gespréicher iwwer eng gemeinsam Europäesch nuklear Ofschreckung gefouert.

“Ära vun de Groussmuechte”

Mat Bléck op de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain an op déi verännert US-Politik ënnert dem President Donald Trump huet de Friedrich Merz vun enger neier “Ära vun de Groussmuechte” geschwat, an där d’Fräiheet a Gefor wier. Europa misst elo militäresch méi onofhängeg ginn an dofir kéint den CDU-Politiker sech och eng méi grouss Europäesch Roll bei der nuklearer Defense vun der NATO virstellen.

“Damit das klar ist, wir halten uns dabei an unsere rechtlichen Verpflichtungen. Wir denken dies strikt eingebettet in unsere nukleare Teilhabe innerhalb der NATO, und wir werden in Europa keine Zonen unterschiedlicher Sicherheit entstehen lassen.”

Wann dës Partnerschaft eng Zukunft soll hunn, da misst se komplett nei verhandelt ginn.

“Diese Begründung muss handfest sein, nicht esoterisch. Wir müssen diesseits und jenseits des Atlantiks zu dem Schluss kommen, zusammen sind wir stärker. Wir Europäer wissen, wie kostbar das Vertrauen ist, auf dem die NATO gründet.”

Keen Alleingang fir d’USA

Weider huet de Friedrich Merz argumentéiert, datt d’Vertrauen op deem d’NATO baséiert weiderhin indispensabel bleiwe géif, an och d’Groussmuechte wéi d’USA dodrop ugewise wieren an net am “Alleingang” ënnerwee kéinte sinn.

Bis e Sonndeg ginn op der Münchener Sécherheetskonferenz nach iwwer 60 Staats- a Regierungscheffen, wéi och Aussen- an Defenseministeren aus der ganzer Welt erwaart.

play_arrow Lauschteren