Zu Suessem an der Zone industrielle Um Weller bereet d’Stëmm vun der Strooss all Dag Sandwichen, Zoppen an aner Molzechte vir, fir se dann u Leit ze verdeelen, déi sech d’Iessen net leeschte kënnen.
D’Alexandra Oxacelay, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss, erkläert, datt ee bis zu 720 Molzechte pro Dag preparéiert. Eleng an hirem Restaurant zu Hollerech ginn eng 400 Molzechte pro Dag zerwéiert.
Méi Konsum a méi Aarmut
Dës Zuele gi stänneg an d’Luucht, wéi d’Alexandra Oxacelay erkläert. Eppes, wat sech och unhand vun den neisten Zuelen zur Aarmut hei am Land confirméiere léisst, déi leschte Méindeg publizéiert goufen. Et wieren och ëmmer méi Associatiounen, wéi zum Beispill d’Caritas, déi op hire Service géingen zeréckgräifen, esou d’Chargée de direction vun der Stëmm vun der Strooss.
D’Gesellschaft wier an zwee gespléckt: Op där enger Säit géingen d’Leit ze vill konsuméieren an ze vill fort geheien. Op där anerer Säit geet d’Zuel vun de Leit, déi Mëtt dës Mounts keng Sue méi hunn, an d’Luucht. “Dat ass net normal, do geet eppes schif”, esou de Constat vun der Alexandra Oxacelay.
Banque alimentaire: Eng Win-Win-Situatioun
Fir kënnen esou vill Molzechten ze preparéieren ass d’Stëmm vun der Strooss awer op Hëllef ugewisen. Fir d’Liewensmëttel ze kréie schafft een dofir mat der Banque alimentaire zesummen. Si gi Liewensmëttel an déi grouss Supermarchéë sichen, fir se dann un d’Stëmm vun der Strooss ze liwweren.
De Jean Rodesch vun der Banque alimentaire erkläert, datt dat Liewensmëttel sinn, déi zwar nach gutt sinn, d’Supermarchéen awer geschwë fort geheie missten. Eng Win-Win-Situatioun, seet de Jean Rodesch. Et bekämpft een de Gaspillage, an awer och den Honger.

D’Banque alimentaire kritt d’Liewensmëttel gratis a liwwere se da fir näischt un d’Stëmm vun der Strooss. Aktuell schaffen eng 4 Chauffeure mat zwee Camione permanent fir d’Banque aliemntaire. Well et sech ëm den Transport vu frësche Produiten handelt, mussen och déi nämmlecht Oplagen agehale ginn, déi och fir d’Grande surfacë gëllen. D’Liewensmëttel mussen also permanent gekillt sinn a sollen och séier verschafft ginn.
Beschäftegungsmesure a Volontariat
Fir d’Verschaffe vun de Liewensmëttel zu Suessem ass de Kach Miguel zoustänneg. Hien ass ee vun 250 Leit, déi aktuell a Form vu Beschäftegungsmesurë bei der Stëmm vun der Strooss schaffen. Dëst si Leit, déi am Kader vum Revis do ugestallt sinn, oder wéinst gesondheetleche Problemer keng Plaz um éischten Aarbechtsmarché fannen, erkläert d’Alexandra Oxacelay.
De Kach erkläert, datt de Menu all Dag aneschters ass, well een ni esou richteg weess, wat ee geliwwert kritt. Den Oflaf zu Suessem ass awer ëmmer dee selwechten. Als éischt ginn eng 300 Bréidercher preparéiert, déi verpak an etikettéiert ginn. Duerno gëtt d’Geméis fir d’Zopp geschnëppelt. Zu gudder Lescht gëtt dann den Dagesmenu preparéiert.

D’Banque alimentaire iwwerdeems baséiert ganz um Volontariat. Well permanent Leit gesicht ginn, déi eng Hand mat upaken, kënnen intresséiert Persounen sech op der Onlineplattform simba.lu mellen. Eng 40 Volontaire schaffen am Beräich vun den dréchene Produiten, erkläert de Jean Rodesch.
All Hëllef ass awer wëllkomm, well och d’Banque alimentaire géing gären nach wuessen. De Manou Roche vun der Banque Alimentaire erkläert, datt een aktuell nach net an der Lag ass fir de ganze Lëtzebuerger Territoire ofzedecken. Dofir bräicht ee méi Suen, een neie Camion, an natierlech méi Leit.
Capacitéit no uewen ass do (an néideg)
Wat dréche Produiten ugeet, do huet d’Banque aliemntaire een Depot um Wandhaff, wou d’lescht Joer ronn 163 Tonne Liewensmëttel ukomm sinn. Dëst Joer rechent ee mat 200 Tonnen. Bei der frëscher Wuer sinn et eng 7 bis 8 Tonne pro Mount, déi geliwwert ginn.
D’Liewensmëttel wäerten och net manner ginn, mengt de Jean Rodesch. Zwar géingen d’Supermarchéë bei der dréchener Wuer ëmmer méi efficace ginn, fir sou mann wéi méiglech fortzeginn, mee et wier een aktuell och mat enger neier Grande surface a Kontakt, soudatt een e Mangel u Liewensmëttel net fäerte muss.
Dat freet och d’Alexandra Oxacelay. Hiren Atelier zu Suessem gouf réischt d’lescht Joer fäerdeg gestallt. A wann een d’Zuelen zur Aarmut am Grand-Duché kuckt, da wäerten an Zukunft wuel nach méi Leit op d’Servicer vun der Stëmm vun der Strooss zeréckgräife mussen.