Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Fréiere Regierungschef vu Bergkarabach gouf festgeholl

Aserbaidjan

​Fréiere Regierungschef vu Bergkarabach gouf festgeholl

Den Aserbaidjan huet de fréiere Regierungschef vu Bergkarabach, bei sengem Versuch an Armenien ze reesen, festgeholl. De Ruben Wardanjan wier an d‘Haaptstad Baku bruecht ginn, wou iwwer seng Zukunft decidéiert gëtt heescht et vun offizielle Säiten.

auto_stories

1 min

​Him gëtt eng illegal Arees an den Aserbaidjan reprochéiert. Den Aserbaidjan hat d'lescht Woch no kuerzen awer heftegen Attacken tëschent Baku an Eriwan, déi laang ëmstridde Regioun Bergkarabach eruewert.

Iwwer 50.000 Flüchtlingen aus der Enklav si bis elo an Armenien ukomm. Dat deelt déi armenesch Regierung mat. D'EU huet Hëllef annoncéiert, an d‘UNO huet den Aserbaidjan opgeruff, d'Rechter vun den Armenier ze respektéieren.