arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréi üübt sech: Demokratie an der Schoul

Politesch Bildung

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Fréi üübt sech: Demokratie an der Schoul

Am Kader vun der Woch vun der Demokratie, déi haut op en Enn kënnt, gouf an der Kiem-Schoul um Kierchbierg e Schülercomité gewielt. D'Schoul war dofir un den Zentrum fir politesch Bildung, kuerz ZpB, erugetrueden: D'Konzept gouf dunn zesummen opgestallt.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Stad Lëtzebuerg huet souguer richteg Walkabinnen zur Verfügung gestallt. | © Eric Ewald
D'Stad Lëtzebuerg huet souguer richteg Walkabinnen zur Verfügung gestallt. (Foto: Eric Ewald)

An der Kiem-Schoul, déi vum Precoce bis de Cycle 4.2, dat fréiert 6. Schouljoer, geet, ginn net manner wéi 570 Kanner. Nieft engem Container an engem ale Gebai gëtt et um Kierchbierg och en neit Gebai, mat ville Sëtzplaze virun der Dier, wéineg Gréngs am Haff an engem Grillage ganz ronderëm.

Bannenan ass d'Gebai hell. Eng gréng Trap - vun der Faarf hier e Géigepol zum Schoulhaff - féiert op den 1. Stack. Do vis-à-vis ass e grousse Raum, an deem ee Kanner gesäit an enger Rei stoen. Alles normal, bis op 4 Walkabinne riets widder der Mauer a genee souvill Walurne lénks dovun. Hei gëtt also gewielt.

D'Kabinnen an d'Urne goufe vun der Stad zur Verfügung gestallt, soudatt alles ausgesäit, wéi bei richtege Walen. 

Just ee Frënd wielen 

D'Riddoe vun de Kabinne ginn opgezunn, fir datt déi nächst Kanner kënne wiele goen. Eng Klass no där anerer defiléiert do. Als nächst sinn d'Kanner aus dem Cycle 3.1, dem fréieren 3. Schouljoer, drun. Déi jonk Wieler:inne kréie vun der Educatrice graduée Nadine Gaasch d'Instruktioun, datt si eng Frëndin oder ee Frënd wiele kënnen, spréch nëmmen ee Kräiz dierfe maachen. 

“Ee sou en X däerft dir just maachen. Och wann dir 4 Säiten hutt.”

Well wa méi Kräizer um Ziedel sinn, da gëllt de Vott net, betount d'Educatrice graduée, éier si d'Walziedele verdeelt.

Domat geet et an d'Kabinn: Riddo zou, Kräiz gemaach, Ziedel gediebelt an an d'Urn gehäit. Domat sinn déi éischt Wale vun dëse Kanner gelaf.

Wat waren dann hir Wënsch un déi um Enn Gewielten?

“Schaukelen! - Oder en neie Musekssall! - A méi Planzen, méi Blummen!”

Mam Theema Walen auserneesetzen

Hir Joffer Katharina Grad fënnt et gutt, datt d'Kanner elo éischt Experienz a punkto Wale gemaach hunn. Si hätte sech am Virfeld dovun och mam Sujet auserneegesat.

 “Mir hunn d’Plakater alleguer zesumme gekuckt, vun de Kandidaten. D’Kanner misste sech dann duerch de Kapp goe loossen, wéi eng Iddie wëll ech ënnerstëtzen, datt se ëmgesat ginn.”

Et sinn déi éischt Walen an deem Sënn an der Kierchbierger Kiem-Schoul. Déi wier mat der Zäit esou grouss ginn, datt ee sech gesot hätt, och d’Schüler:inne sollte matbestëmmen.

D'Wale ginn dann och ganz seriö geholl, wéi d’Educatrice-graduéeë Laure Winandy an Nadine Gaasch betounen.

“Mir wëllen hinne wierklech dee Feeling ginn, deen och mir Erwuessener fir eis Walen hunn."

"Mir hunn am Ufank vum Schouljoer direkt mat Kandidate lassgeluecht, datt mir an déi eenzel Klasse gaange sinn, de Kanner de ganze Projet virgestallt hunn, wou se hir Kandidaturen du konnten erareechen.” 

Schoul vun 9 Auer un a just nach Sport 

An déi Aktioun hat Succès, well et hu sech ganzer 105 Kandidate gemellt, woubäi der just 8 gebraucht ginn. Um Enn ginn zwee Kanner aus dem zweete Joer Spillschoul an ee vun all Joergank duerno zeréckbehalen. De Mëtteg ginn nach d'Walziedele vun de Moien ausgezielt, an da steet fest, wie vun de Kanner an Zukunft an der Schoul matbestëmme kann, wann och net grad alles, erkläert d'Laure Winandy.

 “Mir fänken d’Schoul eréischt um 9 Auer un: Dat sinn natierlech Saachen, déi ginn net. Oder mir maachen elo just nach Sport a kee Franséisch méi.”

 Zeréck bei d'Kanner: Nom Cycle 3.1 waren déi aus dem 3.2 drun, spréch dem fréiere 4. Schouljoer. Och si hu sech iwwer déi nei Experienz gefreet.

"Ech war ganz motivéiert. - Ech wollt bal all meng Frëndinne maachen, awer do kann een nëmmen ee Kräiz maachen.”

Wat wéilte si dann an hirer Schoul änneren?

 “Ech géif gär en Informatikssall an der Schoul hunn. - Ech hätt gär, datt do eng Bibliothéik ass. - Also, et wier gutt, datt ronderëm och méi gréng ass.”

 Déi Wënsch hat hire Schoulmeeschter David Adam am Virfeld scho matkritt:

 “Si hu sech vill Gedanke gemaach. An et sinn och immens vill Kanner an der Klass, déi hate scho ganz konkreet Iddien, wat si géife maachen, wa si sollte gewielt ginn.”

Hie selwer hat och Kandidaten a Kandidatinnen a senger Klass. Ob déi da gewielt goufen a si duerno hir Walverspriechen anhalen, dorop wäerten hir Kolleege sécherlech gutt oppassen.

 

play_arrow Lauschteren