search

/ Fraude bei der Gemeng Déifferdeng: Buergermeeschter denkt net u Récktrëtt

Lokales

|
reading time

3 min

Fraude bei der Gemeng Déifferdeng: Buergermeeschter denkt net u Récktrëtt

Den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch gesäit keng Ursaach firwat hien demissionéiere sollt. Dat huet hien am 100,7-Interview nach eng Kéier confirméiert. Esou Fuerderunge waren no der Fraude ëm 400.000 Euro an der Gemeng vun der Oppositioun komm. 

reading time

3 min

© LSAP Déifferdeng Facebook
(Foto: LSAP Déifferdeng Facebook)

Den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch denkt awer net iwwer e Récktrëtt no. 

"Selbstverständlech net. Et wier fir d'éischt, dass en Opfer vun enger krimineller Aktioun misst Konsequenzen droen, wou en net derfir kann. Dat wier fir d'éischt an der Geschicht."

D’Récktrëttsfuerderunge vun der Oppositioun – déi sech op den LSAP-CSV-Schäfferot bezéien - waren net wéinst dem Bedruch selwer komm, mee well ee réischt esou spéit doriwwer informéiert gouf. 

Entschëllegung wéinst Delai wier komm

Entdeckt gi war d’Fraude schonn den 19. Mee. Allerdéngs goufen d’Ëffentlechkeet an och de Gemengerot eréischt am Oktober doriwwer informéiert, also fënnef Méint méi spéit. 

Dofir hätt hie sech och entschëllegt, seet de Guy Altmeisch.

"Ech hu mech fir deen Delai, deen zwar keen Afloss hat op d'Enquête, an dee keen Afloss hat op de Suivi vun der Affär, hunn ech mech entschëllegt, an dat ass menger Meenung no ignoréiert gi vun der Oppositioun. An dat geet hinnen als Entschëllegung net duer. Si werfe mir elo vir, dass mir als Majoritéitsparteie si net géife respektéieren."

De Non-Respect géif hien dobäi net gesinn, esou nach de Guy Altmeisch.

Buergermeeschter hätte gewëss Aussoe rose gemaach

D'Oppositioun reprochéiert dem Schäfferot wéinst dem Delai e Manktem un Transparenz a geheit dem Buergermeeschter vir, d'Affär ënnert den Teppech gekiert ze hunn. De Buergermeeschter weist dëse Virworf awer vehement zeréck. 

"Dat ass eng net wouer Ausso, well ech menge wann een eppes wëll ënner den Dësch kieren, da geet ee bestëmmt deen Dag, wou een et mierkt, dass een Opfer ginn ass vun enger Fraude geet ee bestëmmt deen Dag bei d'Police judiciaire an et rifft ee bestëmmt deen Dag selwer den Interieur un, fir Bescheed ze soen." 

Dat hätt beim Guy Altmeisch och fir Emotioune gesuergt.

"Dat huet mech dunn awer e bësse rose gemaach an do hunn ech gesot, dat wier awer elo den Hummer, dass déi doropshin och nach géifen dann d'Demissioun vum Schäfferot géife froen, wat jo einfach disproportionéiert wier. An dorop sinn ech da rose ginn an do sinn ech hinne mol erkläert, wéi ech dat géif gesinn."

Besser Kontroll

Aus der Affär wéilt een awer elo Konsequenzen zéien an hätt dat och scho gemaach, seet de Buergermeeschter.

Beispillsweis bei Viremente méi dacks nofroen an iwwerpréiwen. Dat géif awer net nëmme Gemengen a staatlech Institutioune betreffen, mee och Privatleit, esou nach de Guy Altmeisch.

Hackerugrëff war fir Fraude ausschlaggebend

Déi Frauduléis hätte sech an d'E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Esou hätten déi Kriminell d‘Gemeng dozou bruecht, d'Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam Architektebüro opstoung, op e falsche Bankkont an Holland ze iwwerweisen.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Déifferdenger Buergermeeschter