Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franz Fayot op Aarbechtsvisitt a Portugal

Web Summit

Franz Fayot op Aarbechtsvisitt a Portugal

Vun haut bis e Mëttwoch ass de Wirtschaftsminister Franz Fayot, zesumme mam Ierfgroussherzog Guillaume op Aarbechtsvisitt zu Lissabon. Am Mëttelpunkt vun där Visitt steet de Web Summit, déi gréisste Konferenz iwwer déi digital Technologien weltwäit.

auto_stories

1 min

Iwwer 7.000 Participante ginn op der Konferenz erwaart, wéi de Wirtschaftsministère matdeelt. Och d‘Chambre de commerce ass mat enge 60 Vertrieder vun Entreprisen an Institutioune mat an déi portugisesch Haaptstad.

Den nach-Wirtschaftsminister huet, ënner anerem Gespréicher mat sengem portugiseschen Homolog, den Ierfgroussherzog gesäit och de portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa.