Als mat dat eenzegt Land dat iwwer 1 % vum PIB an d’Kooperatioun investéiert hätt Lëtzebuerg weltwäit weider hin eng ganz gutt Visibilitéit, betount de Kooperatiounsminister.
Trotz de multipel Krisen hätt Lëtzebuerg et trotzdeem fäerdeg bruecht, en Impakt ze hunn, op deene Platze wou et gebraucht gouf.
Humanitär Hëllef a Putschlänner
Trotz de Putschen a Kooperatiouns-Länner wéi dem Burkina Faso, dem Niger oder dem Mali wéilt een op d'mannst weider humanitär Hëllef ubidden, och wa keng Gelder méi un déi staatlech Institutiounen an dëse Länner fléissen.
Et hätt een sech dofir och no anere Länner ëmgekuckt, de Benin, de Ruanda a Costa Rica goufen dobäi zréckbehalen.
Kritik vun den Entwécklungs ONGen
Kritik koum en Donneschdeg vu Säite vum Cercle de Coopération des ONGD, de Sebastien Weier huet hei bedauert dat Lëtzebuerg a senge Politicken net ganz koherent wier:
"Fir d'Finanzplaz sinn dat alles Wäerter déi hannert dem Profit zréck stinn. A vue, datt Lëtzebuerg mat senger Fongenindustrie awer all méiglech Produiten an der Welt finanzéiert, gëtt quasi vun der Ekonomie, d'Privatwirtschaft Saache méiglech gemaach déi de Staat elo net onbedéngt als eegene Projet esou géing iwwerhuelen."
Op dem Niveau wieren an de leschten zéng Joer an zanter Luxleaks Efforte gemaach ginn, méi Transparent ze sinn, äntwert de Franz Fayot op dee Kritikpunkt hin.
Weider Efforte vun der Lëtzebuerger Kooperatioun
De Kooperatiounsminister huet weider ob déi grouss Efforten higewisen déi Lëtzebuerg am Kader vun der internationaler Impfcampagne an dem Kampf géint HIV geleescht huet. Aner Efforte konzentréieren sech op spezifesch medezinesch Projeten an der Mongolei an, an de palestinenseschen Territoirë souwéi ob imminent Krisenhëllef, zum Beispill iwwer emergency.lu déi a Katastropheregioune Kommunikatiounsnetzer kann opbauen.