D‘USA hate jo ugekënnegt, et wéilt ee Grönland annektéieren. Ee Gespréich gëschter um Mëttwoch mat Vertrieder:inne vun Dänemark a Grönland zu Washington huet näischt bruecht. Et gi fundamental Divergenzen, sot duerno den däneschen Ausseminister.
Eng Aarbechtsgrupp soll elo méiglech Léisunge sichen.