Radioen

On air

9 bis 1  |  The Staves - I Don't Say It But I Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich verschäerft Sécherheetsmesuren u belscher Grenz

Frankräich Terroralerte

Frankräich verschäerft Sécherheetsmesuren u belscher Grenz

An och a Frankräich gëllt déi héchsten Terroralerte. D‘Schlass vu Versailles ass wéinst enger neier Bommendreeung haut evakuéiert ginn a bleift och fir de Recht vum Dag zou. Dat deelt d‘Verwaltung vum Schlass mat.

auto_stories

1 min

Réischt e Samschdeg misst Versailles wéinst enger Bommendreeung geraumt ginn an och de Louvre misst zougemaach ginn.

Zanter der déidlecher Messerattack vun engem jonke Mann an enger Schoul leschte Freideg gëllt déi héchsten Terroralerte. Ee jonke Mann hat ee Schoulmeeschter mat engem Messer ëmbruecht an dräi weider Persoune schwéier verletzt. Ville Medien no soll et sech ëm een Islamist handelen. No der Attack zu Bréissel gëschter Owend verschäerft Frankräich elo ausserdeem d‘Sécherheetsmesuren un der Grenz mat der Belsch. Dat huet de franséischen Inneminister Gérald Darmanin matgedeelt.