Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 1,2 Millioune Stéit ouni Stroum - een Doudege bis elo

Stuermdéif Ciaran

1,2 Millioune Stéit ouni Stroum - een Doudege bis elo

Wéinst dem Stuerm Ciaran goufen a Frankräich ronn 1.300 Mënschen evakuéiert. Mëttlerweil goufen d’ Alertes-rougen alleguer opgehuewen, dat mellt Météo-France. An der Regioun em den Äermelkanal gouf déi lescht Alerte rouge de Moien op Orange erofgesat

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Météo Bretagne play_arrow
(Foto: Météo Bretagne)

Wéinst dem Stuerm Ciaran goufen a Frankräich ronn 1.300 Mënschen evakuéiert. Mëttlerweil goufen d’ Alertes-rougen alleguer opgehuewen, dat mellt Météo-France. An der Regioun em den Äermelkanal gouf déi lescht Alerte rouge de Moien op Orange erofgesat.

Wandspëtze vu bis zu 207 km/h

Bis ewell bleift et bei engem Doudesaffer an zwee liicht Blesséierten. Beim Doudegen handelt et sech ëm ee Camionschauffer, dem séin Gefier an der Nuecht vun engem Bam getraff gouf. Och wann sech den Orkan iwwer Frankräich ofschwächt, bleiwen d’ Auswierkunge spierbar: 1,2 Millioune Stéit si weiderhin ouni Stroum. 3.000 Techniker sinn am Asaz. An der Küsten-Regioun Pointe du Raz goufen aussergewéinlech héich Wandspëtzte vu bis zou 207 km/h registréiert.

A Groussbritannie gouf an der Géigend Hampshire an der Nuecht de Katastrophefall ausgeruff. Eng Ronn 40 Mënschen hu misse wéinst Stuerm-Schied evakuéiert ginn. Dat mellt d'Noriichtenagence dpa. Meteorologe warne viru Liewensgefor op Grond vu ronderëm fléiende Géigestänn.

An der Regioun Devon, am Süde vun England, bleiwe 7.000 Haiser ouni Stroum, sou d’ BBC. D’ Schoule bleiwen an de betraffenen Regioune bis op Weideres zou.

Am südwestlechen Deel vun Holland an am westlechen Deel vun der Belsch gouf déi zweethéchst Alarmstuf Orange ausgeruff. Och do bleiwen d’ Schoulen zou.
A Frankräich, England, der Belsch an och an Holland fale Flich-, Zuch- a Busverbindunge wéinst dem Stuerm aus.

Och um Findel si Flich ausgefall

D’Ausleefer vum Stuerm sinn och a Lëtzebuerg ze spieren. Meteo Lux huet wéinst staarkem Wand d’Alert Jaune erausginn. Déi gëllt zanter de Moie 7 Auer u bis viraussiichtlech de Mëtte 4. Och um Findel goufen de Moie Flich an déi betraffe Länner annuléiert.

De Stuerm “Ciaran” war gëschter Owend op déi franséisch Atlantik-Küst am Nord-Weste getraff. Déi héchst Warnstuf, d‘Alerte Rouge, war fir dräi Departementer an der Bretagne an an der Normandie deklaréiert ginn.

Lauschterenplay_arrow