Muer um Donneschden hunn déi géisst Enseignantsgewerkschaften zu engem Streik vun den Enseignanten opgeruff. Si fuerdere méi héich Salairen, besser Aarbechtskonditiounen an eng Stäerkung vun de ëffentleche Schoulen. Manifestatioune sinn zu Paräis a villen anere franséische Stied geplangt.
D‘Protester vun de Baueren a Frankräich loossen iwwerdeems net no. Trotz Zousoe vum Premier Gabriel Attal gëtt et weider Protestaktiounen am ganze Land.
D‘Bauere wëllen och haut um Mëttwoch nees Autobunnen zu Paräis an an der zweetgréisster Stad Lyon blockéieren. Si protestéieren ënner anerem géint Abréch vun hire Revenuen an administrativ Hürden.
De Premier Gabriel Attal huet gëschter versprach, europäesch Subside fir d‘Bauere méi séier ze iwwerweisen.