Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Double Talk - Swimming

play_arrow Live
search

/ Frankräich: Haut soll de Premierposte besat ginn - François Bayrou hat e Gespréich mam Macron

Annonce vum Macron

Frankräich: Haut soll de Premierposte besat ginn - François Bayrou hat e Gespréich mam Macron

Eigentlech wollt de franséische President Emmanuel Macron bis gëschter um Donneschdegowend de Premierposten nei besetzen. Mat e wéineg Retard wäert et dann haut am Laf vum Moien dozou kommen. Et ginn zwee grouss Favoritte fir dës Fonctioun. D'Parteien hu sech iwwerdeems scho positionéiert. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Peter Kirillov / Bigstock play_arrow
Foto: Peter Kirillov / Bigstock

Kuerz virun 13:00 Auer gouf bekannt, datt de François Bayrou neie Premier gëtt.

Leschten Donneschdeg hat de Premier Michel Barnier seng Demissioun agereecht. An e puer Stonne soll elo feststoen, wie säin Nofollger oder seng Nofollgerin gëtt. 

Vill Spekulatioun

Fir den Emmanuel Macron ass et d'Erausfuerderung eng Persoun ze fannen, déi eng breet Majoritéit an der Assemblée kann hanner sech bréngen, oder op d'mannst vu genuch Parteie gedult gëtt, fir datt net nees e Mësstrauensvott d'Regierung zu Fall bréngt.

Vill gouf an de leschten Deeg spekuléiert. Als zwee grouss Favoritten hu sech de Chef vum zentristesche Modem, de François Bayrou, an den Ex-Premier Bernard Cazeneuve erauskristalliséiert. De Bayrou ass een enke Vertraute vum Macron. Grad dat kéint him awer zum Verhängnes ginn. D'Sozialisten hate schonn ugekënnegt, datt et net de Bayrou kéint sinn, well hien déi aktuell Regierungspolitik verkierpert, mat där ee brieche muss.

E puer Leit mat Aussenseiterchancen

Den Ekologist Yannick Jadot war gëschter um Donneschdegowend Invité op BFM-TV an huet eng Fortsetzung vum Macron senger Politik ausgeschloss. An deem Fall géinge si mat engem Mësstrauensvott reagéieren. 

D'Optioun Bernard Cazeneuve gouf iwwerdeems schonn am August a September a Betruecht gezunn. Hien ass awer zanter sengem Parteiaustrëtt net méi gär gesi bei de Sozialisten, wat géint hie kéint schwätzen. Och dee fréieren Ausseminister Jean-Yves Le Drian, den Interims-Arméiminister Sébastien Lecornu an d'Interimsministerin fir d'Territoiren, d'Catherine Vautrin, ginn als Optioune gehandelt.

Lauschterenplay_arrow