Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ François Bayrou gëtt neie franséische Premier

Frankräich

François Bayrou gëtt neie franséische Premier

De François Bayrou gëtt neie franséische Premier. De President Emmanuel Macron huet sech um Freidegmëtteg fir den Zentrumspolitiker ausgeschwat. De Chef vun der Zentrumspartei MoDem gëllt scho laang als ee vum Macron senge enke Vertrauten.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

 De Moien hat de Macron de François Bayrou empfaangen. No bal zwou Stonne Gespréich huet de MODEM-Politiker den Élysée nees verlooss. Et huet dunn nach iwwer zwou Stonne gedauert, bis datt de Numm confirméiert gouf.

De François Bayrou soll haut géint 5 Auer schonn d‘Schlëssele vu Matignon vum Michel Barnier kréien, dee jo virun enger Woch no engem Mësstrauensvote am Parlament, als Premier war. 

Ob de François Bayrou elo eng Majoritéit fir seng nei Regierung zustane kritt, ass nach ongewëss. Déi Konservativ huet de Bayrou op senger Säit, mee mat der Gauche dierft et méi schwéier ginn. D'Gauche hat gefuerdert, dass den neie Premier e Sozialist misst sinn. Mam François Bayrou dierften et keng gréisser Changementer an der Regierungspolitik ginn. D‘Ekologisten hu scho mat enger Censure gedrot.

Den 73 Joer ale François Bayrou ass de 6. Premier, deen den Emmanuel Macron a senge 7 Joer als President nominéiert. An hien ass selwer och schonn 3 Mol mat an d‘Presidentewale gaangen, fir d‘lescht 2012.