Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Hannah Ida - Sea Of Leaves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och de fréiere Generalsekretär Gary Kneip ënnert deenen dräi, déi ausgeschloss sinn

Nieft dem Georges Keipes a Jacques Linster

Och de fréiere Generalsekretär Gary Kneip ënnert deenen dräi, déi ausgeschloss sinn

De fréiere Generalsekretär Gary Kneip, de Georges Keipes an de Jacques Linster sinn déi dräi Leit, déi virgëschter duerch den Nationalcomité vu Fokus aus der Partei ausgeschloss goufen. Si waren allen dräi am Oktober nach mat an d’Chamberwale gaangen.

auto_stories

1 min

De Gary Kneip war am Süden op der Lëscht, de Georges Keipes am Zentrum an de Jacques Linster souguer als Spëtzekandidat am Osten. An engem Communiqué vu Fokus gëschter Owend hat et geheescht, datt déi dräi Falschinformatioune verbreet, vertraulech Informatiounen no bausse gedroen a souguer probéiert hätten, intern Diskussioune mat engem Handy opzehuelen. Doropshi wier unanime decidéiert ginn, déi dräi aus der Partei auszeschléissen.

Marc Ruppert schléisst eng Plainte net aus

De Parteipresident Marc Ruppert sot eis, datt et virgëschter selwer bei der Sëtzung vum Nationalcomité zum Virfall mat der presuméierter Opnam koum, deen um Enn zum Ausschloss gefouert huet. Déi Responsabel vun der Partei géifen och iwwer eng eventuell Plainte géint déi dräi Ex-Memberen nodenken.

 

Déi dräi ausgeschlosse Memberen vun der Partei Fokus gesi sech muer den Owend, fir selwer iwwer méiglech juristesch Schrëtt ze beroden.

Fir den Ex-Generalsekretär Gary Kneip geet et iwwerdeems drëms, dass d’Statutten agehale ginn. De Respekt vun den eegene Regelen an eng Transparenz, wat zum Beispill d’Finanzen ugeet, wieren dobäi dat éischt Gebot.