Am 100,7-Interview sot de Gary Kneip, d’Grondlag vun deem Ausschloss wier eng Manung vum Jacques Linster un d’Partei. An där “Mise en demeure” vun der leschter Woch géif op de Stéchdatum vum 29. Februar gefuerdert ginn, ee Kredit vum Jacques Linster an Héicht vu 50.000 Euro zeréckzebezuelen. Dono wiere juristesch Schrëtt méiglech.
Gary Kneip: "een décken Hummer"
De Gary Kneip huet vun engem “décken Hummer” geschwat, dee schéi Pläng vun der Partei a Fro kéint stellen. De fréiere Generalsekretär géif net kritiséieren, fir Leit ze ploen, mee fir datt d’Partei sech sou behëlt, wéi si et soll. Bei Fokus géif et Problemer mat der Gouvernance a mat de Finanzen, spréch den eegene Reegelen, ginn. Him géif et awer ëm d’Partei goen, fir datt déi kéint iwwerliewen.
De Jacques Linster a seng Schwëster hätten zesummen 100.000 Euro an d’Partei gestach. Nodeems d’Schwëster eng 25.000 Euro erëmkritt hätt, géif nach eng Schold vu ronn 75.000 Euro opstoen. Et hätt een intern festgehalen, datt, wa Sue vum Stat iwwert d’Parteiefinanzéierung fléissen, wat zanter November geschéie géif, de Kredit un de Jacques Linster géif zréckbezuelt ginn. Et stéing néierens, datt dat an Tranchë soll gemaach ginn, wéi d’Partei et elo wëlles hätt, an de Fränk Engel hätt och an enger SMS un de Jacques Linster erkläert, d’Partei géif dee Kredit iwwerhuelen.
"Ech freeë mech op déi juristesch Schrëtt"
Wat seet de Gary Kneip, deen déi dräi Ausschlëss aus der Partei illegal fënnt, dann zu de juristesche Schrëtt, déi d’Partei hirersäits an Aussiicht gestallt huet?
“Ech freeë mech op déi juristesch Schrëtt, well dann hätte mir endlech eppes um Dësch leien, wat ee mir géif virwerfen. Also, wann eng Partei et net méi aushält, datt eng Kritik do ass, datt ee seet: Dat, wat Dir do maacht, dat kann ee sou net maachen, an hei sinn d’Reegelen, no deenen et soll fonctionéieren. Wann eng Partei dat net aushält, da stellen ech mir wierklech d’Fro, mat wat fir enger Ambitioun datt déi Leit wëlle Politik maachen."
Fir de Fall, datt de Parteipresident Marc Ruppert also konkret Virwërf op den Dësch leeë géif, géif sech de fréiere Generalsekretär am schlëmmste Fall op juristescht Gestreits freeën.
“A souwisou, ech mengen, wann hie sech net begannt, dann huet hie vläicht virdru schonn eppes um Dësch leien, vu mir.”
D’Partei dierft deemno net sou séier aus den aktuelle Schwieregkeeten erauskommen.
D'Partei dreet hirersäits mat juristesche Schrëtt
De Sträit an der Partei Fokus ëm den Ausschloss vum fréiere Generalsekretär Gary Kneip, vum Georges Keipes a vum Jacques Linster geet mat enger Reaktioun vum Fränk Engel an eng nächst Ronn. “Mir loossen net nach laang zou, ëffentlech calomniéiert ze ginn: Iergendwann geet et duer”, seet de fréieren Europadeputéierten den Donneschdeg de Mëtteg am 100,7-Interview. Do virdrun hat de Gary Kneip erkläert, datt nom Stéchdatum vum 29. Februar eventuell juristesch Schrëtt vum Jacques Linster géifen an d’Weeër geleet ginn, wann d’Partei him net bis dohi 50.000 Euro géif zeréckbezuelen. Et hätt een dem Jacques Linster matgedeelt, datt, wann e sech net ziviliséiert behuele géif, eventuell d’Justiz géif ageschalt ginn, an et kéim och eng Kéier zu enger Plainte, wa sech de Gary Kneip net géif ginn, sou de Fränk Engel am 100,7-Interview.
De Gary Kneip wier net méi Generalsekretär ginn, well hien zur Gouvernance “komplett onfäeg” wier, seet de Frank Engel. Hien hätt d’Partei gefouert, wéi wann et säin Haff wier, sou de Frank Engel. Ënner anerem dat hätt dozou gefouert, datt hien um Enn just nach ronn een Drëttel vun de Memberstëmme krut. Sou huet de Fränk Engel am Nomëtten op d’Aussoe vum fréiere Fokus-Generalsekretär zu sengem Ausschloss aus der Partei reagéiert, zesumme mam Georges Keipes a mam Jacques Linster. De Fränk Engel fënnt et traureg, datt een “amgaange wier, um Niveau vum Trumpismus unzekommen“.
“E wesentlechen Deel vun deene Virkommnisser, déi mer elo bei eis erliewen, leien dora begrënnt, datt eenzel Leit e Walresultat net kënnen acceptéieren. Mee wann ech an enger Demokratie keng Walresultater méi acceptéieren, wann ech an enger Demokratie d’Legitimitéit vun Organer a vu gewielte Leit net méi acceptéieren, wann ech an enger Demokratie net méi der Meenung sinn, datt ech enger statutarescher oder enger gesetzlecher Uerdnung z’entspriechen hunn an och déi Leit mat hirer gewielter Autoritéit schaffen ze loossen, déi fir bestëmmte Saache gewielt goufen, jo, da komme mer net méi ganz wäit an der Demokratie.”
“Wa jiddereen, deem eppes net passt, op d’Place publique geet, Ligen an d’Welt setzt an dann nach nogelauschtert kritt, dann ass dat fir d’Demokratie bedenklech.”, huet de Fränk Engel nach gemengt. Et géif nëmmen eng Wourecht ginn, an et wär bedenklech, wann dat net méi géif acceptéiert ginn.