Radioen

On air

Kultur um 5  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Flüchtlingsstrukturen: Firwat gi Leit virun d'Dier gesat?

Flüchtlingspolitik

Flüchtlingsstrukturen: Firwat gi Leit virun d'Dier gesat?

An de leschten Deeg ass bekannt ginn, datt vulnerabele Persounen - dorënner och Kanner - aus ONA-Foyere virun d'Dier gesat goufen. Hei schéngt et sech net méi ëm Eenzelfäll ze handelen. Änlech wéi schonn der jonker Mamm aus dem Kongo, déi viru gutt 10 Deeg mat hiren zwee Kanner op d‘Strooss gesat gi war, ass et och enger Koppel aus Venezuela ergaangen. 

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow
Symbolfoto (Adobe Stock)

Déi jonk Koppel aus Venezuela ass zënter bal 5 Joer zu Lëtzebuerg. Bis elo hu si an engem Foyer vun der ONA zu Hesper gewunnt. De Rafael Gonzales a seng Fra hunn d’lescht Woch e Bréif kritt– datéiert de 14. Januar – an deem si opgefuerdert ginn, hire Foyer bis spéitstens Mëttwoch den 22. Januar ze verloossen.

Onkloer Zukunft

De Bréif hätt si en Donneschdeg erreecht, sou de Rafael Gonzales.

"Ils ont donné cinq jours juste pour quitter de foyer. Ça c'est impossible de trouver une chambre ou quelque chose à louer."

Mëttlerweil krut d'Koppel zwar an Aussiicht gestallt, datt si awer nach e Mount méi laang am Foyer kënne bleiwen. Mee wéi et dono viru geet ass net kloer, well dem Gesetz no hu just Asyldemandeuren Urecht an engem ONA-Foyer ze bleiwen. Dat si si awer net méi, well hir Demande de protection international viru Kuerzem refuséiert ginn ass. An dat bedeit: Si kënne just am Land bleiwen, wa si eng Openthaltsgeneemegung kréien.

"On a fait une demande, ça fait un mois, on a fait une demande pour un titre de séjour de vie privée pour pouvoir continuer notre formation, notre apprentissage."

Maison de retour als eenzeg Léisung?

Si ass am leschte Joer vun hirer Léier an der Kiche vun engem Altersheim. Hie mécht zënter 2022 eng Léier als Usträicher bei engem Usträicherbetrib. An 4 Méint wier hie fäerdeg gewiescht mat senger Léier. Mee op hien déi jee ka fäerdeg maachen ass elo a Fro gestallt, well spéitstens an engem Mount steet d’Koppel virun existenzielle Froen.

"C’est un gros problème parce que on va rester où? Sur la rue?"

Obwuel si allen zwee schaffe ginn, kéinten si et sech net leeschten, eppes ze lounen.

"Je gagné 600 par mois et à avec ça on peut pas louer ni une chambre ici à Luxembourg."

Wa si den ONA-Foyer definitiv misste verloossen, géif der Koppel dofir just nach eng Méiglechkeet bleiwe fir sécher en Dag iwwer dem Kapp ze hunn: Si kéinten an d’Maison de retour um Kierchbierg goen. Mee fir do ënnerzekomme muss een e Pabeier ënnerschreiwen, an deem ee sech averstanen erkläert, zeréck a säin Heemechtsland ze goen.

Lauschterenplay_arrow