D‘Fuerschung geet dovun aus, datt bis 2025 d‘Hallschent vun der Populatioun un enger Allergië leide wäert an déi neisten Date vum LIH fir Lëtzebuerg géifen dat och ënnersträichen, seet de Markus Ollert vum LIH.
Den Undeel vun Allergiker an der Populatioun hätt sech bannent zwou Generatione verzéngfacht, zu Lëtzebuerg wier ee momentan bei 40 Prozent an domat hätt ee weltwäit ee vun den héchstens Tauxen.
An der LIH-Etüd hätt ee Mënschen am Alter vun 20 bis 65 Joer ënnersicht, et misst een awer dovun ausgoen, datt Kanner a Jugendlecher nach méi vun Allergië betraff sinn.
Sech méi fréi a méi dacks Allergenen aussetzen
Virun e puer Joer ass een nach dovun ausgaangen, datt Allergië virun allem duerch eng verbessert Hygiène ze dinn hunn. Haut geet een dovun aus, datt dat et virun allem mat der westlecher Liewensweis ze dinn huet. Eng Ursaache fir dat verstäerkt Opkomme vun Allergië wier ze wéineg Kontakt mat der Natur a mat Déieren. Dat géif och erklären, firwat ëmmer méi Kanner Allergien entwéckelen.
Iwwer Jore wier schwangere Fraen och ugerode gi fir allergen Iesswuere wärend der Schwangerschaft ze vermeiden, dat hätt sech elo radikal geännert.
Ëmweltaflëss begënschtegen Allergien awer och. De Professer Ollert nennt eng Rei Chemikalien, déi mir a Seefen a Championen un eis Haut eruloossen. Déi Stoffer kënnen déi natierlech Barrière vun der mënschlecher Haut futti maachen an de Kierper domat méi ufälleg fir Allergië maachen. Och Ëmweltbelaaschtunge wéi renge Stëbs kéinten Allergië begënschtegen. Auto-Ofgasen a Bëschfeiere géifen zu enger méi héijer Belaaschtung mat rengem Stëbs bäidroen.
Et gëtt och eng Verbindung tëscht Wuelstand an Allergien, dat wier och duerch Studië beluecht a Lëtzebuerg wier ee Beispill dofir.
Eng Intoleranz ass keng Allergie
Eng Intoleranz, géint Laktos zum Beispill, wier och technesch gesinn keng Allergie. Eng Intoleranz géif an der Reegel zäitlech verzögert optrieden an éischter zu Probleemer mam Gedäerms féieren, sou de Professer Ollert. Eng richteg Allergie op en Narungsmëttel léist méi hefteg Reaktiounen ervir, bis zum sougenannten anaphylaktesche Schock.
Verschidden Testméiglechkeeten
Hautdesdaags gëtt et zwou verschidden Aart a Weise fir Allergien nozeweisen: Déi éischt ass en Hauttest mat Allergenléisungen, mee et géife mëttlerweil och molekular Analysen am Labo gemaach ginn, déi méi e komplett Bild kënne ginn; och a virun allem bäi Kräizallergien.
Vun enger Kräizallergie schwätzt een iwwregens wann eng Persoun, déi zum Beispill eigentlech op Bierkepollen allergesch ass, allergesch op Äppel reagéiert.
Net behandelt Allergië schueden der Wirtschaft
Allergië wieren och déi Krankheet mam héchste Produktivitéitsverloscht fir eng Wirtschaft, sou de Professer Ollert. An dat kéint een och chiffréieren: D'Käschte fir een net adequat behandelten Allergie-Patient géife sech op ronn 2.000 Euro pro Joer pro Patient belafen.
Géint Allergië kann een awer och eppes maachen. De Professer Ollert nennt do d‘Beispill vu Finnland, wat sech tëscht 2008 an 2018 eng Allergie-Strategie ginn huet an doduerch den Taux vun Allergiker gedréckt krut.
Heelungsméiglechkeete ginn et nach net, mee mat Therapië kéint een en Deel vun de Patienten hëllefen. Mat Medikamenter kéint een déi meescht schwéier Symptomer vun Allergien och gutt behandelen, sou de Professer Ollert vum Luxembourg Institute of Health.