Radioen

On air

Notturno  |  Flavien Berger - Brutalisme

play_arrow Live
search

/ Fir e feministesche Pensiounssystem

Fräie Mikro

Fir e feministesche Pensiounssystem

Wat Rentenongläichheet betrëfft ass Lëtzebuerg mat engem „Pension Gap“ vu 36 Prozent op där drëttleschter Plaz. Domat kënne mir eis net bretzen, fënnt d'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender a hirem Fräie Mikro. Si fuerdert vun der Politik eng feministesch Pensiounsreform.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. | © radio 100,7 play_arrow
D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. (Foto: radio 100,7)

E Pensiounssystem ass feministesch, wann en déi strukturell Benodeelegungen, deene Frae wärend hirer Karriär ausgesat sinn, ausgläicht a wann en Altersaarmut verhënnert. Et kéint een och einfach vun engem gerechte Pensiounssystem schwätzen.

Dovu si mir aktuell wäit fort: D'Pensioune vun de Frae leie 36 Prozent ënnert deene vun de Männer, si bezéien och däitlech méi heefeg d'Mindestrent wéi d'Männer a si siméi staark vun Altersaarmut betraff.

Wisou dat esou ass?

Den Duerchschnëttsjoresgehalt vun de Frae läit zu Lëtzebuerg ronn 14 Prozent ënnert deene vun de Männer. Wee manner verdéngt huet, kritt och manner an der Pensioun. A wisou verdéngen d'Frae manner?

Well se opgrond vun dem sougenannte gliesene Plaffong manner oft op héije Positioune schaffen a well se iwwerduerchschnëttlech a manner gutt bezuelten Jobs schaffen. Ausserdeem schaffe si méi heefeg an Deelzäit opgrond vu familiäre Verflichtungen an dëst opgrond vu stereotyppe Rollevirstellungen, déi dës Verantwortung an éischter Linn de Fraen iwwerdréit. Bal en Drëttel vun de Frae schafft an Deelzäit, bei de Männer sinn et just 8 Prozent. Hei schwätze mer och nach vum "Gender Care Gap". D’Careaarbecht gëtt vun eisem Wirtschaftssystem awer net als Aarbecht unerkannt, wa se am Private stattfënnt. Et also falsch ze soen, d'Fraen hätte méi kleng Pensioune well se manner geschafft hunn, si hunn anescht geschafft an hir Aarbecht gëtt net anstänneg unerkannt an dem aktuelle System.

Strukturelle Probleem, dee gesamtgesellschaftlech muss geléist ginn

Et ass verlockend dës Situatioun wëllen ze individualiséieren an ze soen, datt dat jo awer alles individuell Entscheedunge sinn. Dës scheinbar individuell Entscheedunge gi staark duerch eise System gepräägt an entspriechen eise gesellschaftleche Strukturen. Dofir muss d'Situatioun och strukturell gekuckt ginn an d'Verantwortung gesamtgesellschaftlech gesinn an net op den Eenzelen iwwerdroe ginn. Et ass net d'Schold vun de Fraen, datt hir Pensioun méi kleng ass wéi déi vun de Männer, et ass d'Schold vum System. An dofir ass Altersaarmut bei Fraen och kee private Problem, mee e politeschen. An dowéinst ass et un der Politik déi bestoend Benodeelegungen net weider ze reproduzéieren oder souguer ze verschäerfen, mee fir se auszegläichen. An domat mengen ech net, datt et de Familljen nach méi schwéier gemaach gëtt sech selwer ëm hir Kanner, déi eeler Leit oder hiren Haushalt ze këmmeren.

Ech mengen zum Beispill d'Unerkennung an déi finanziell Opwäertung vu Care Aarbecht. D'Erhéijung vun der Mindestrent. Eng besser Ofsécherung vu Mënschen, déi an Deelzäit schaffen. Eng Individualiséierung vu Rentenuspréch. Eng besser Opklärung a reegelméisseg Informatiounen zu den eegene Pensiounsrechter.

Et bleift ze hoffen, datt d'Reformbeméiunge vun där aktueller Regierung d’Reegele vum Gender Mainstreaming berécksiichtegen. E feministesche Pensiounssystem ass kee Luxus, mee noutwenneg fir eng gerecht Gesellschaft.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow