Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fentanyl nach net zu Lëtzebuerg opgedaucht

Santé

Fentanyl nach net zu Lëtzebuerg opgedaucht

Bis elo wier déi déidlech Drog Fentanyl nach net zu Lëtzebuerg opgedaucht. Et wier och nach keen Doudesfall duerch Fentanyl detektéiert ginn. Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Carsten Rehder
(Foto: picture alliance/dpa | Carsten Rehder)

Et wier awer probabel, datt Fentanyl, sech och ëmmer méi an Europa verbreet. Hei zu Lëtzebuerg hätten déi spezialiséiert Associatiounen d‘Drogen, déi hei am Ëmlaf sinn, genee am A.

Fentanyl ass ee staarkt syntheetesch Opioid, dat dacks als Drog mëssbraucht gëtt. Et wier 50 Mol méi staark wéi Heroin, awer vill méi bëlleg an einfach hierzestellen. Donnée vun den US-amerikaneschen Autoritéite ginn dovun aus, datt Fentanyl all Joer fir iwwer 700.000 Doudesfäll verantwortlech ass. Haaptsächlech an der Alterstranche 18 48.