Money Mules gi vun organiséierte Geldwäscher kontaktéiert, meeschtens iwwer d‘Plattform Snapchat, fir Konten an hir Kaarten zur Verfügung ze stellen. Dacks wieren dat jonk Mënschen déi sech a schwierege finanzielle Situatioune befannen, esou d‘Justiz an hirem Schreiwes.
An deem Kontext mécht d‘Justiz op en Neits en Appell. Et soll ee skeptesch sinn, soubal engem séiert Geld versprach gëtt, op kee Fall soll een seng Konte weiderginn, och kee Geld ophiewen dat een net kennt, an och keng Iwwerweisungen un onbekannte Konte maachen. Falls een d‘Gefill huet, selwer als Money Mule benotzt ze ginn, soll een all Transaktioun direkt stoppen an sech bei der Police mellen, esou nach d‘Justiz.