arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Crans-Montana nom Brand: Identifikatioun dauert nach Deeg

Schwäiz

|
headphones

3 min

Crans-Montana nom Brand: Identifikatioun dauert nach Deeg

No der Katastroph vu Crans Montana an der Schwäiz, wou ronn 40 Mënschen bei engem Brand an enger Bar ëm d’Liewe koumen an 115 Persounen blesséiert goufen, stellen sech vill Froen. Ënner anerem iwwer d’Nationalitéit vun den Affer, mee och, wéi et zu deem Brand konnt kommen.

headphones

3 min

Honnerte Leit hu sech versammelt fir den Affer vun deem schwéiere Brand an der Bar “Le Constellation” ze gedenken.  | © EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE
Honnerte Leit hu sech versammelt fir den Affer vun deem schwéiere Brand an der Bar “Le Constellation” ze gedenken. (Foto: EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE)

Datt et vun de Schwäizer Autoritéiten keng kloer Detailer gëtt iwwert d’Ursaache vum Brand  oder iwwert d’Nationalitéiten ass méi ewéi normal.  D’Enquête an d’DNA-Analyse wäerten e puer Deeg daueren.

Ee Lëtzebuerger liicht blesséiert

Iwwert méiglech Affer gëtt et vum Lëtzebuerger Ausseministère d’Confirmatioun, datt bis elo ee Lëtzebuerger an där Bar present war, dee gouf liicht blesséiert a konnt no enger kuerzer Behandlung d’Spidol nees verloossen. Iwwert Vermësster aus Lëtzebuerg ginn et aktuell keng weider Informatiounen.

Weider deelt den Ausseministère mat, datt en a Kontakt bleift mat de schwäizer Autoritéiten. Lëtzebuerg huet iwwerdeems medicaliséiert Transportmëttel proposéiert fir d’Evacuatiounen aus der Regioun ze ënnerstetzen.

Fro vun den Nationalitéiten

De franséischen Ausseministère schreift an engem rezente Bilan vun néng franséische Blesséierten an aacht Persounen déi nach vermësst ginn. Frankräich huet schonn dräi Blesséierter opgeholl. aacht weider Patienten kéinten a verschidde Spideeler traitéiert ginn.

Och Italien huet ee provisoresche Bilan publizéiert, aktuell ginn nach sech Italiener vermësst, 13 goufe blesséiert. Dovunner goufen dräi Patiente mat uerge Verbrennungen an Italien an ee Spidol transferéiert.

Suerge maachen sech och déi Responsabel vun engem lokalen Fussballclub, déi op d'mannst siwe Jonker vermëssen, déi an där Bar sollte gewiescht sinn.

E puer Deeg fir d’Identifikatioun a e kloere Bilan

De Bilan ass nach provisoresch, well vill Läichen esou entstalt goufen, datt et ee puer Deeg wäert daueren bis datt se kënnen identifizéiert ginn. 

22 Persounen, déi mat schwéierste Brandverletzungen an eng op Brandverlertzunge spezialiséiert Klink zu Lausanne bruecht goufen, konnten identifizéiert ginn. 

Zu den Ursaache vum Brand, ginn et op de soziale Réseauen vill Spekulatiounen. Déi offiziell Enquête leeft nach. Ganz kloer huet awer déi schwäizer Procureur een Attentat ausgeschloss, well ee vun engem Brand ausgeet,dee sech ganz séier verbreet huet.

Ganz um Ufank gouf vun Explosioune geschwat, mee et wier de Brand deen ee sougenannten Flashover provozéiert hätt gouf vun de Sécherheetsservicer erkläert.

Ursaach vum Feier onkloer

Bei engem Flashover, entzünt sech de Gas deen duerch de Brand entsteet explosiounsméisseg am ganze Raum, bei héijen Temperaturen a wa genuch Sauerstoff do ass.

Et zirkuléieren och vill Informatiounen iwwert där Käerzen déi ee Freedefeier späizen, an déi de Plafong a Brand gestach hätten. Doriwwer gouf et keng offiziell Confirmatioun.

Och Grand-Duc deelt säi Matleed mat

De Schwäizer President Guy Parmelin sot et wier eng schlëmmsten Tragedië jeemools an der Schwäiz. Honnerte Leit waren zu Crans-Montana zesummekomm fir den Affer ze gedenken.

De Grand-Duc Guillaume huet gëschter Owend op Facebook de Famillen a Frënn vun den Affer säi Bäileed am Numm vum Lëtzebuerger Vollek an a sengem perséinlechen Numm ausgedréckt. Do virdrun hat och de Premier Luc Frieden op X säi Matgefill ausgedréckt.