Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Feier an engem Wunngebai zu Léck - Och d'Air Rescue am Asaz

Op d'mannst een Doudegen

Feier an engem Wunngebai zu Léck - Och d'Air Rescue am Asaz

Zu Léck huet et gëschter an engem Wunngebai vu 27-Stäck gebrannt. Op d‘mannst eng Persoun wier ëm d‘Liewe komm, huet de Buergermeeschter am spéiden Owend gëschter matgedeelt. Déi Lëtzebuerger Air Rescue war mat engem Helikopter am Asaz fir Awunner aus dem Gebai ze retten.

auto_stories

2 min

Léck Feier an engem Tuerm | © Max du15 / X
Foto: Max du15 / X

D‘Air Rescue wier vun de belschen Autoritéite geruff ginn, well et fir d'Pompjeeë schwéier war, an déi iewescht Stäck vum Gebai ze kommen, esou d‘Air Rescue an engem Communiqué. Mat der Air Rescue war och e Spezialist vum CGDIS zu Léck am Asaz.

Den Air Rescue Helikopter war zu Léck am Asaz. | © LAR
Den Air Rescue Helikopter war zu Léck am Asaz. (Foto: LAR)

D‘Feier wier hënt ënner Kontroll bruecht ginn, esou de belschen ëffentlech rechtleche Sender RTBF. Nieft dem Doudesaffer wiere 14 Leit an e Spidol bruecht ginn, zwee vun hinne wieren an engem kriteschen Zoustand. D‘Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.