Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Faux Real - "Faux Ever"

Album vun der Woch

Faux Real - "Faux Ever"

Eisen Album vun dëser Woch kënnt vun der franco-amerikanescher Band Faux Real an heescht "Faux Ever“. Also iergendwéi fir ëmmer, mee net wierklech …

auto_stories

5 min

Faux Real - also gläichzäiteg falsch a reell. Den Albumtitel ass Faux Ever, also fir ëmmer mee net wierklech. Dat léisst op Spillercher mat der Wierklechkeet schléissen. Datt d’Welt vun der Popmusek och vun Illusioune lieft, an net ëmmer der Wierklechkeet entsprécht, ass gewosst. An domat spillen déi zwee scho ganz hefteg.

Wa si optrieden, da si si ugedoe wéi Popstars aus den 80er oder 90er, also zimmlech “over the top” kéint ee soen, e bësse wéi Duran Duran, Wham oder Erasure deemools: Androgyn, provokant, ganz faarweg a verschiddener géife soen. Si spille bewosst mam Mauvais Goût.

Hir Concerten, an esou ee konnt een dëse Summer och eemol zu Lëtzebuerg erliewen, si wéi eng Zort Party. Amplaz sech wéi aner Museker drop ze konzentréieren, d’Instrumenter ze spillen (an dësem Fall Drummachines a Synthesizer) hunn si där emol keng op der Bün, a sangen einfach op de Backing Track.

Mam fräie Grips a mat hire fräien Hänn a Been engagéiere si de Public mat an d‘Büneshow, maachen Ausflich an den Zuschauerraum, an hunn cheesy Choreographië fir all Lidd parat, bei deenen de Public och animéiert gëtt, matzemaachen. Do kann ee sech scho gutt ameséieren. Wéi bei esou vill bewosstem "Fake“ a spontanem Spill dann dach esou eppes Authentesches kann erauskommen.

Museker mat Referenzen

Déi zwee Membere vu Faux Real sinn de Virgile an den Eliott Arndt, déi zu Lëtzebuerg opgewuess sinn an hei d’Primärschoul an de Lycée absolvéiert hunn. Zu där Zäit hu si hir éischt Erfarungen hei an der Musekszeen gemaach. Den Eliott ass op London gaangen, wou hien där 2015 gegrënnter Band Vanishing Twin bäigetrueden ass, an déi ginn et och nach haut. De Virgile huet bei der Band Natas Loves You gespillt, déi duerno op Paräis gewandert ass, an do Erfolleg hat.

Wou hir Famill dunn op Los Angeles geplënnert ass, si si matgezunn, an hunn do am Fréijoer 2018 zesumme Faux Real opgezunn. Als éischt war dat just eng hallef improviséiert Live Show, mee wou dat du gutt funktionéiert huet, hu si no an no och ugefaangen, hir Lidder ze verfeineren an erauszebréngen. Eng Single no der Anerer.

"Et ass net, well eppes gespillt oder falsch ass, dass et net ka Wäert an eng Emotionalitéit huet“ (Virgile Arndt)

Et kann ee bei hirer Approche villäicht un d’Psychoanalys denken, wou d’Iddi vum Self, also dem selwer, heiansdo mat deenen zwee Adjektive "vrai a faux“ beschriwwe gett, also "faux self“ a "vrai self“. Beim Donald Woods Winnicott, dee seet de "vrai self“ ass spontan a primitiv, de "faux self“ defensiv an do, fir deen aneren ze beschützen. Mee keng Garantie, datt d’Gebridder Arndt sech fir Psychoanalys interesséieren.

Ganz konkret a perséinlech geet et bei Faux Real awer haaptsächlech ëm deenen zwee hir Relatioun als Bridder, hir Virléiften an Obsessiounen, hir Léift fir 80er an 90er Musek, an hir Erfarungen am Liewen an a Bezéiungen. Oft fänken déi mat engem Private Joke un, déi jo tëscht Bridder bestëmmt nach vill méi privat sinn. Och Riedewendunge sinn oft d’Inspiratioun, wéi op “Rent Free”.

Eng gutt Partie vun deenen 11 Songs sinn eben déi Singelen, déi bis elo erauskomm sinn, mat e puer neien dobäi. Dat ganzt ass remarkabel konsequent am Stil. Gittaren héiert ee wann da seelen. Fir de Rescht sinn et flott zesummegesichten a programméiert digital Synthesizer Sounds iwwer Beats an Drummachine-Sounds. Catchy soll et sinn, am Kapp hänke bleiwen, an dat packen déi zwee fannen ech ganz gutt. Si duerchlafen dobäi och déi typesch Song-Typpen, déi an den 80er an 90er, an -eels nach haut op esou enger Pop Plack sollen drop sinn. Den danzbare Banger, dat wier an dësem Fall Rent Free, mee da sinn awer och méi balladenhaft Deeler dran, wéi op "Sketches of Pain“ oder "The More I Know“.

Op Titele wéi “Scratch” héiert een och am Hannergrond de klore Postpunk-Aschlag vun dësen 11 Titelen, deen dann och erëm bei déi Agit-Prop-aarteg Performances vun deenen zwee passt.

Iwwer 11 Titelen ass et villäicht e bësse vill däers Blénkegem hannereneen, ee Moment hei an do fir sech ze erblose wier wëllkomm gewiescht, mee dat heescht awer net, datt d’Plack elo ze vill grell wier. Et ass vill Variatioun dran, mee éischter an de Songs wéi tëschent de Songs.

Berauschend sinn déi exzellent Hooks, déi engem net aus dem Kapp ginn. Besonnesch "Love On The Ground“ a "Rent Free“, déi menger Meenung no an eng Top 10 Hitparad gehéieren. Och de Gesang fannen ech éierlech gesot top: Vill Harmonien an ee ganz bridderlechen Zesummeklang. Donieft ass d Songwriting zolidd an afallsräich. An dann ass do natierlech nach deen onwarscheinlechen Humor, deen dat Ganzt zesummen hält. Deen ass "Faux-midabel".