Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fäll vu bloem Houscht zu Lëtzebuerg si rezent an d'Luucht gaangen

Santé

Fäll vu bloem Houscht zu Lëtzebuerg si rezent an d'Luucht gaangen

Zu Lëtzebuerg goufen et rezent méi Fäll vu Keuchhusten, och nach bloen Houscht oder Coqueluche genannt. Tëscht Oktober zejoert an Enn Januar wier 46 Fäll vu Keuchhusten offiziell hei am Land diagnostizéiert ginn.

auto_stories

1 min

Kannerdokter | © picture alliance/dpa | Christian Charisius
Kannerdokter (Foto: picture alliance/dpa | Christian Charisius)

Dat äntwert d‘Gesondheetsministerin Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. De Keuchhusten ass eng héich ustiechend Krankheet, déi besonnesch bei Puppelcher liewensgeféierlech ka ginn. Déi allermeescht kléng Kanner sinn allerdéngs géint deen Houscht geimpft, preziséiert nach d‘Gesondheetsministerin. 

Et géif awer kee Grond zur Panik ginn. Dat hat den Dr. Serge Allard, President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren, ugangs Februar op eiser Antenn gesot. Hien hat am 100,7-Interview och Zuele genannt: d‘Santé hätt zanter dem Ufank vum Joer 21 Fäll vu Keuchhusten bei Kanner gemellt kritt.