Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Barbara Agostino kann den "Drama" ëm hire Facebook-Post net novollzéien

Ginn deontologesch Froen opgeworf?

D'Barbara Agostino kann den "Drama" ëm hire Facebook-Post net novollzéien

E Facebook-Post um Weekend vun der Barbara Agostino wërft deontologesch Froen op. D'DP-Deputéiert huet ee Post vun der BIL, déi ING-Clientë wëllkomm heescht, gedeelt an dobäi geschriwwen, datt si ouni d’BIL 2011 hir éischt Crèche wuel net opgemaach hätt.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Dat wier déi eenzeg Bank gewiescht, déi hir vertraut an hir e Prêt ginn hätt, huet d'Barbara Agostino nach dobäi geschriwwen.

Barbara Agostino: Et ass keng Reklamm 

D‘Barbara Agostino ass net der Meenung, datt hire Facebook-Post iwwert d‘BIL deontologesch Froen opwërft.  Deontologesch wier hire Post e Problem, wa si Member an engem Verwaltungsrot wier an an der Chamber-Finanzkommissioun géif sëtzen, sou d‘DP-Deputéiert op eis Nofro hin.

An dësem Fäll hätt si awer vun hirer Vergaangenheet geschwat, an de Leit einfach wëllen erklären, wéi eng gutt Erfarung si mat der BIL gemaach hätt, am Géigendeel zu anere Banken, sou d‘Barbara Agostino. Si hätt hei keng Reklamm gemaach an och keng Avantagen doraus gezunn. Si kéint den "Drama", deen hei gemaach géif ginn, net novollzéien.

Sven Clement: Eethik muss nees thematiséiert ginn

D'Deputéiert sollte sech bewosst sinn, wat hiert Mandat ass, wa si ëffentlech Aussoe maachen, huet de Sven Clement vun de Pirate gëschter dozou gemengt. An der Conférence des Présidents vun der Chamber wier an der Lescht ze dacks rieds iwwer Aussoe vun Deputéierten.

“Ob elo Werbung fir eng spezifesch Bank ze maachen, an enger Situatioun, wou awer ferm op verschidde Retail-Banke geklappt gëtt, de richtege Moment ass: Ech perséinlech géif dat net maachen, an ech géif mir wënschen, datt d’Chamber sech zäitno wierklech domat beschäftegt, wéi mir als Deputéiert eis eethesch korrekt verhalen."

Et géing een an de leschte Joren ëmmer nees gesinn, datt d'Grenzen hei verwëscht ginn, mengt de Sven Clement. 

"Ech erënnere mech do un Aktioune mat offiziellen Email-Adresse vu fréiere Ministeschen an haitegen Deputéierten, fir ze intervenéiere bei parastaatlechen Entitéiten. Ech erënnere mech un aner Aktioune vun Deputéierten, déi Werbung gemaach hu fir hir eege Besoinen oder déi Privates mam Berufflechem esou enk verknäppt hunn, datt een net méi kann den Ënnerscheed maachen.”

Dem Vertrieder vun de Piraten no bräicht et méi kloer Grenzen, well déi aktuell flou wären. E Statut vum Vollzäitdeputéierte géif Interessekonflikter aus der Welt schafen, mengt de Sven Clement. Et bräicht Deputéiert, déi am Déngscht vum Land stinn, an net därer, déi nach Publicitéit fir eng Bank maachen. 

Code de déontologie kéint iwwerschafft ginn

Och de Chamberpresident Claude Wiseler huet betount, datt déi aktuell reglementaresch Texter näischt Prezises soen.

“Dat Eenzegt, wat mir hei hunn, dat ass eise Code de déontologie, dee seet, datt den Deputéierten ëmmer muss am Intérêt general handelen, an datt hien am Fong net dierf en Avantage financier direct oder indirect kréien. Dat ass dat, wat eis Richtlinn elo ass, wou mir eis a priori mussen drun halen. Ech denken, datt dat hei net de Fall ass. Insofern si mir hei am Kader vum Reglement, kënne mir näischt doriwwer aussoen.”

Wann en Deputéierten e finanziellen Avantage hätt, da misst en dat vum selwe mellen, rappeléiert den CSV-Vertrieder. All Deputéierten hätt ze decidéieren, wéi grouss säi Fräiraum ass. Den deontologesche Kodex géif Richtlinnen dofir virginn.

Woubäi de Code de déontologie eng Kéier ze iwwerschaffe wier, genee wéi de Statut vum Deputéierten. Hie selwer ass frou, wa Saache kloer sinn, esou de Claude Wiseler, well do, wou vill Interpretatiounsspillraum ass, géif et och vill Diskussioune ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik