Eegenen Angaben no huet den Iran och véier US-Militärbasen an der Regioun attackéiert. Ënnert den Ziler waren de Militärstëtzpunkt Al-Udeid am Katar an d'Bas Al-Salem a Kuwait. De Loftwaffensëtzpunkt an de Vereenegten arabeschen Emiraten Al-Dhafra esou wéi d'US-Flott a Bahrain wieren och getraff ginn, wéi international Noriichtenagencë mellen.
Ausnamezoustand an Israel
An Israel wier den Ausnamezoustand ausgeruff ginn, heescht et vun de lokalen Autoritéiten. Iwwerdeems hunn esouwuel Israel, den Iran wéi och den Irak de Loftraum fir den ziville Fluchverkéier gespaart.
Déi däitsch Regierung huet eng Reeswarnung fir Israel erausginn, d‘USA hunn dem Personal vun der US-Botschaft an Israel d‘Erlabnis gi fir auszereesen.
Hannergrond sinn déi gescheitert Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran iwwer een iraneschen Atomprogramm. Den Donald Trump huet deemno seng Drohunge wouer gemaach.