Dësen Artikel ass am Laf vum Dag reegelméisseg aktualiséiert ginn
Den US-President Donald Trump huet vun enger "extraordinärer militärescher Operatioun" an der venezuelanescher Haaptstad Caracas geschwat: An engem Interview mat Fox News sot hien am Virfeld vu senger Pressekonferenz , datt hien d‘Festnam live matverfollegt hätt.
"Overwhelming American military power, air, land and sea was used to launch a spectacular assault. And it was an assault like people have not seen since World War II. It was a force against a heavily fortified military fortress in the heart of Caracas to bring outlaw dictator Nicolas Maduro to justice. This was one of the most stunning, effective and powerful displays of American military might and competence in American history."
De Maduro wier an enger "Festung" festgeholl ginn, esou den Trump. Et wier immens séier ofgelaf a gewaltsam. Elite-Unitéiten haten den autoritäre Staatschef a seng Fra hënt festgeholl an aus dem Venezuela erausbruecht. Dat nodeems d‘USA de Venezuela hënt militäresch ugegraff hunn. Viséiert waren ënner anerem Militärstëtzpunkter.
Maduro hat d'Chance, sech ze erginn, esou den Donald Trump
Den Donald Trump hätt eegenen Aussoen no virun enger Woch mam Maduro telefonéiert a gesot, hie misst sech erginn, mee de Maduro hätt sech geweigert.
De venezuelanesche President a seng Fra wieren den Ament op engem US-Krichsschëff a géifen op New York bruecht ginn, esou nach den Donald Trump.
D‘US-Justizministesch sot de Mëtteg schonn, datt de Maduro a seng Fra zu New York ugeklot wieren. Him géifen ënner anerem Verbriechen an Zesummenhang mat Drogenhandel virgehäit ginn, esou d‘Pam Bondi op X.
Méiglechen Nofollger scho fonnt?
D‘Friddensnobelpräis-Gewënnerin an Oppositiounscheffin am Venezuela, d‘Maria Corina Machado, schreift hirersäits, datt "d‘Stonn vun der Fräiheet" fir d‘Leit am Venezuela komm wier, an datt net si selwer, mee den Opposititiounskandidat bei de Presidentewalen, den Edmundo Gonzalez Urrutia, d‘Presidence am Venezuela soll iwwerhuelen.
Den Donald Trump sot zu dewm Theema géintiwwer Fox News, datt d‘USA wéilten iwwer d‘politesch Zukunft vum Land matschwätzen.
International Reaktiounen
D‘Reaktiounen op den Ugrëff hunn dann och net laang op sech waarde gelooss: D‘EU-Spëtzten hunn zur Deseskalatioun opgeruff a rappeléiert, datt d‘internationaalt Recht misst agehale ginn. D‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas hätt eegenen Aussoen no och scho mam US-Ausseminister Marco Rubio telefonéiert.
De kolumbianesche President Gustavo Petro, deen dem Maduro no steet, huet ugekënnegt, datt kolumbianesch Truppen op der Grenz mam Venezuela stationéiert géife ginn. Mexiko, Brasilien an den Iran, deen enk Lienen mat Venezuela huet, hunn den Ugrëff verurteelt – Moskau huet direkt Erklärunge gefuerdert. Hei am Land huet d‘Friddens- a Solidaritéitsplattform den Ugrëff als Verstouss géint d‘Vëlkerrecht bezeechent: d‘USA géifen oppen ee Regime-Wiessel bedreiwen. Dobäi géif et den USA eenzeg an aleng ëm den Accès op déi weltwäit gréisste Pëtrolsreserven am Venezuela goen, heescht et an engem Schreiwes.
D’Vizepresidentin vum Venezuela, d’Delcy Rodríguez, wëllt wëssen, ob den Nicolás Maduro nach lieft a fuerdert Beweiser. Kuerz drop hunn d'USA eng Foto vum Maduro an Handschellen a mat engem Duch ëm de Kapp publizéiert.
Venezuela riicht sech un den UN-Sécherheetsrot
D‘Regierung zu Caracas huet hirersäits eng Krise-Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot ugefrot. D‘Attack géif géint d‘UN-Charta verstoussen an de Fridden an der Regioun an an der ganzer Welt a Gefor bréngen, heescht et an engem Schreiwes.
De venezuelaneschen Defenseministère annoncéiert eng "massiv Mobiliséierung" vun alle militäresche Moyenen. Venezuela beschëllegt iwwerdeems d'USA zivil Ziler ugegraff ze hunn. D'Attacke ginn international zum Beispill vu Russland an dem Iran, staark verurteelt.
Spuenien huet sech als Mediateur ugebueden.
Kritik aus eegene Reien
No der Confirmatioun, datt d’USA fir d’Ugrëff verantwortlech sinn, hu verschidden US-Parlamentarier hier Zweiwel geäussert. Den demokratesche Senator vun Arizona huet op X geschriwwen: “Dëse Krich ass illegal. (...) Et gëtt kee Grond wisou mir am Krich mat Venezuela sollte sinn.”
Och de republikanesche Senator vun Utha Mike Lee sot “Ech si gespaant drop gewuer ze ginn, wat – wann iwwerhaapt – déi Handlung verfassungsrechtlech rechtfäerdege kéint, well et weder eng Krichserklärung nach eng Erlabnis fir den Asaz vu militärescher Gewalt gëtt.”
Kolumbie schéckt Zaldoten un d’Grenz
De kolumbianesche President Gustavo Petro gëtt bekannt, datt hien no de Loftugrëff vun den USA op Venezuela, elo den Asaz vun Zaldotinnen an Zaldoten un der Grenz mat Venezuela ordonéiert hätt.
Hie bezeechent d’Bombardementer als en “Ugrëff op d’Souveränitéit” vu Latäinamerika an datt si zu enger humanitärer Kris wäerte féieren.
Ausnamezoustand a Venezuela
No den US-amerikanesch Ugrëff op Caracas huet de President Nicolás Maduro en Dekreet ënnerschriwwe fir den Ausnamezoustand auszeruffen. Ënnert deem Ausnamezoustand kann d'Regierung weider Grondrechter aschränken, zivil Milizen aktivéieren, d'Kontroll iwwer d'Medien an déi ëffentlech Uerdnung weider verschäerfen. D'Regierung huet iwwerdeems d'Bevëlkerung dozou opgeruff, sech géint "déi imperialistesch Aggressioun" ze erhiewen.
Medien hunn an der Nuecht Explosioune gemellt
Verschidde Medie mellen Explosiounen, Damp a Fligergeräischer an der Stad Caracas. An Deeler vun der Stad soll och de Stroum ausgefall sinn.
Um kolumbianesche Fernsehsender NTN24 waren an der Nuecht (Lokalzäit) Biller vun Explosiounen an Dampwolleken ze gesinn. Dat virun allem an der Regioun La Carlota, wou ee Stëtzpunkt fir déi venezuelanesch Loftwaff läit.
Bei engem anere Fernsehsender war ze gesinn, wéi Helikopteren iwwer d’Stad fléien. Bis ewell ass net gewosst wat d’Ursaach vun den Explosioune war. Déi venezuelanesch Regierung wollt sech net direkt dozou äusseren.
Wochelaang Eskalatioun
De Konflikt tëschent den USA a Venezuela war an der Lescht ëmmer weider eskaléiert. Den US-amerikanesche Militär ass virun der Küst stationéiert mat enger jett Krichsschëffer, Kampffligeren an Zaldot:innen.
Rezent goufen et Ugrëff op angeeblech Drogeschëffer. Den US-President Donald Trump hat en Ugrëff op een Hafegebidd confirméiert.
Den autoritäre President vu Venezuela Nicolás Maduro gehäit dem Wäissen Haus vir, e Muechtwiessel wëllen ze erzwéngen. Am Oktober hat den Donald Trump verdeckten Asätz vun der CIA a Venezuela confirméiert. Hien hat gesot, datt dem Maduro seng Deeg un der Spëtzt gezielt wieren.