Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Explosioun a Minn vun ArcelorMittal: 46 Doudeger

ArcelorMittal

Explosioun a Minn vun ArcelorMittal: 46 Doudeger

No der Explosioun an enger Minn vun ArcelorMittal a Kasachstan gouf d‘Zuel vun Doudesaffer nach emol aktualiséiert. 46 Aarbechter wieren ëm d‘Liewe komm, ee méi wéi bis elo annoncéiert gi war. 

auto_stories

1 min

D‘Läiche vu 45 Doudege wieren elo fonnt ginn, a beim deem 46. Doudesaffer just nach Iwwerreschter, huet d‘Regierung mat gedeelt. D‘Explosioun war an der Nuecht vum leschte Freideg op Samschdes geschitt, duerno hunn ArcelorMittal an d‘Regierung vum Kasachstan en Akkord fonnt, fir déi kasachesch Filial vun ArcelorMittal ze nationaliséieren.

Nom Accident ass den Aktie-Wäert vun ArcelorMittal op den europäesche Bourse staark gefall.