arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Experte roden dovun of de Bockelwal "Timmi" ze biergen

Däitschland

|
reading time

1 min

Experte roden dovun of de Bockelwal "Timmi" ze biergen

Experte roden dovun of de Wal, deen an Norddäitschland gestrant ass, lieweg ze biergen. Ënner anerem hätt sech den Zoustand vun der Haut vum kranke Wal weider verschlëmmert. Géif een elo probéiere mat Seeler oder Gurten de Wal wëllen unzehiewen, géif d‘Gefor bestoen d‘Haut ofzerappen.

reading time

1 min

Virun der Osteeküst ass ee Buckelwal gestrant | © EPA/SEA SHEPHERD GERMANY
Virun der Osteeküst ass ee Buckelwal gestrant (Foto: EPA/SEA SHEPHERD GERMANY)

Do wou de Wal elo géif festhänken, wier en nëmme wéineg vu Waasser ëmginn. Dowéinst misst een elo och mat Organschied rechnen, esou d‘Experten.

Et misst een dovun ausgoen, datt d‘Déier u Stress stierwe wäert, wann ee géif probéieren et lieweg ze biergen, esou de Message de Mëtteg op enger Pressekonferenz.