2013 war den haut 65 Joer alen Ex-Profi an enger änlecher Affär schonn zu fënnef Joer Prisong (dräi dovu mat Sursis) an zu enger Geldstrof vun 10.000 Euro verurteelt ginn.
Donieft war deemools festgehale ginn, datt hie ronn 4,7 Milliounen Euro Schuedenersatz misst bezuelen. Sengerzäit hat den Theo Malget als Bankemployé Sue vu Konte vu Clienten opgehuewen, fir Verloschter bei Investissementer auszegläichen, respektiv fir seng eege Besoinen.
Schued vu méi wéi enger Millioun Euro
Dës Kéier beleeft sech de Schued fir am Ganze siwen Affer op eppes méi wéi eng Millioun Euro a véier vun de Victimme si Parties civiles an dësem Prozess.
Dem Theo Malget gëtt Fälschung, Bedruch a Verontreiung reprochéiert am Zesummenhank mat Finanzaktivitéiten an eisen Nopeschlänner. D’Faite ginn op den Zäitraum 2009 bis 2013 zeréck, op déi Zäit also, an där hien a senger viregter Affär zwee Uerteeler krut.
Mat ugeklot ass e Mann vun 73 Joer, deen dem Ex-Fussballer soll gehollef hunn. Dee Mann wier dofir bezuelt ginn. Déi zwee kenne sech zënter Ufank der 90er Joer, wéi de Matugeklote Bankclient vum Theo Malget war.
En Enquêteur vun der Police judiciaire sot, datt den Dossier mat der Plainte vun enger Persoun lancéiert gouf. An der Suite hätt sech gewisen, datt et am Ganze siwen Affer gouf.
Investissementer ouni kloer Informatiounen
Den zweete Beschëllegte wier Intermediaire gewiescht tëschent Cliente vu senger Epicerie am Norde vum Land an dem Theo Malget. Deen hätt Interesséierten en Investissement mat engem Rendement vun ëm déi sechs Prozent an Aussiicht gestallt.
Et wier dann en Investissementskontrakt ënnerschriwwe ginn, an deem awer net stoung a wat géif investéiert ginn. De fréiere Fussball-Nationalspiller hätt eng zentral Roll am ganze Konstrukt gespillt: Hien hätt nämlech net nëmme Suen entgéintgeholl a Rechnungen ausgestallt, mee wier och involvéiert gewiescht an déi sougenannt Investissementer.
Eenzelner hätten an dëser Affär hier ganz Erspuernesser investéiert: Déi zwee Ugekloten hätten d’Leit iwwerdeems bis zum Schluss vertréischt, obwuel si wossten, datt d’Sue fort wieren, esou den Enquêteur.
E Méindeg geet dëse Prozess weider.