Europol an déi europäesch Institutiounen, déi Geldwäsch bekämpfen, missten d‘Dokumenter systematesch auswäerten, do misst grenziwwerschreidend zesummegeschafft ginn.
Géint de fréiere brittesche Wirtschaftsminister Peter Mandelson leeft eng Enquête, well hie wärend der Finanzkris sensibel Informatioune soll un den Epstein weiderginn hunn. A Frankräich ass de fréiere Kulturminister Jack Lang am Viséier vun der Justiz wéinst méiglechem Steierbedruch.
Ex-Partnerin vum Epstein refuséiert all Ausso
D'Ex-Partnerin vum Jeffrey Epstein, d'Ghislaine Maxwell, huet virun der Enquêtëkommissioun vum amerikanesche Representantenhaus all Ausso refuséiert. Si war awer bereet auszesoen, wa si vum US-President Donald Trump géif begnodegt ginn.
D‘Ghislaine Maxwell ass zu 20 Joer Prisong verurteelt gi wéinst sexuellem Mëssbrauch. Si huet sech um Méindeg op d‘Recht beruff sech net selwer ze belaaschten.
Hir Affekoten hu wësse gedoen, datt si am Fall vun enger Amnestie kéint noweisen, datt de Bill Clinton an den Donald Trump an dëser Affär onschëlleg wieren.
Weider Dokumenter an der Affär public gemaach
An Tëschenzäit huet de Justizministère iwwer dräi Millioune Säite vum Dossier verëffentlecht. Zwee Deputéiert hunn d‘Originaler dierften agesinn. Verschidde wichteg Nimm wieren deemno geschwäerzt an et géif een hoffen, datt déi public gemaach ginn, esou déi Deputéiert.