Radioen

On air

Concert  |  Verkannte Bijouen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eventuell weider Echangë vu Krichsgefaangenen tëscht Russland an der Ukrain

Krich an der Ukrain

Eventuell weider Echangë vu Krichsgefaangenen tëscht Russland an der Ukrain

An den nächste Woche kéint et zu engem weideren Austausch vu Krichsgefaangenen tëscht der Ukrain a Russland kommen.

auto_stories

1 min

Déi Hoffnung huet den ukrainesche Mënscherechtsbeoptragten Dmytro Lubinez op der Tëlee gesot. No laanger Paus hate Moskau a Kiew en Dënschdeg eng éischte Kéier zanter dem Summer nees Prisonnéier échangéiert. 230 ukrainesch Männer a Fraen goufen aus russescher Gefaangenschaft entlooss, sou wéi 248 russesch Prisonéier. Kiew no ginn nach méi wéi 4.000 Ukrainer a Russland festgehalen.