search

/ Eurovision Song Contest 2026: Bulgarien gewënnt fir d’éischt Kéier

ESC

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Eurovision Song Contest 2026: Bulgarien gewënnt fir d’éischt Kéier

Bulgarien huet déi 70. Editioun vum Eurovision Song Contest gewonnen. Mam Lidd “Bangaranga” konnt sech d’Sängerin Dara um Enn vum Owend mat 516 Punkten duerchsetzen. Dëst ass domat déi aller éischt bulgaresch Victoire an der Geschicht vum ESC. Israel ass dëst Joer op en neits zweete ginn.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
DARA wins the 70th Eurovision Song Contest for Bulgaria, at the Wiener Stadthalle in Vienna, Austria | © Corinne Cumming/EBU
DARA wins the 70th Eurovision Song Contest for Bulgaria, at the Wiener Stadthalle in Vienna, Austria (Foto: Corinne Cumming/EBU)

No enger 4 Stonne laanger Show war et eng Course tëschent Bulgarien an Israel – um Enn konnt sech dann awer Bulgarien am Jury, ewéi och am Publikumsvott kloer duerchsetzen. Dëst war eng kleng Iwwerraschung, well de Balkanstaat am Virfeld u sech net als ee vun den Top-Favoritte gehandhaabt gouf.

Bangaranga – Unruhestifter

De Favorit vun de Bookmakers Finnland gouf zum Schluss awer nëmme sechsten, also nach no Rumänien, Australien an Italien. Déi lescht Plaze waren da fir Däitschland, Éisträich a Groussbritannien.

D’Gewënnerlidd “Bangaranga” vun der 27 Joer aler Sängerin Dara ass een energiegeluedenen Pop-Track an thematiséiert Courage, Confiance a Rebellioun. D’Wuert “Bangaranga” kënnt aus dem Jamaikanesch-Kreoleschen an heescht esou vill wéi “Unruhestifter”.

Fir d’Sängerin wier et eng éier, déi aller éischt bulgaresch ESC-Gewënnerin ze sinn.

„Ech sinn esou dankbar fir dës Geleeënheet, op där Bühn ze stoen, Bulgarie siichtbar ze maachen an ze weisen, datt mir gutt Kënschtler hunn, déi international Opmierksamkeet verdéngen.“

D’Lëtzebuerger Jury huet hir 12 Punkten iwwerdeems Rumänien ginn.

Och wa Lëtzebuerg dëst Joer schonn an der Halleffinall eliminéiert gouf, gouf et dann awer eng kleng Lëtzebuerger Contributioun an der Final: Den ESC-Expert a fréiere Lëtzebuerger Delegatiounschef Eric Lehmann huet dëst Joer an der moldawescher Delegatioun als Head of Media matgewierkt. Moldawie koum op déi 8. Platz an der Final.

“Gutt bei der jonker Generatioun ukoum”

Datt grad Bulgarien iwwerzeege konnt, erkläert den Eric Lehmann ënnert anerem mat der neier Reegel, déi virschreift, datt zwou Jonk Persounen ënner 25 Joer an den nationale Jurye musse sinn.

“Ech mengen dat Lidd ass ganz gutt bei der jonker Generatioun ukomm. A warscheinlech och bei deene meeschten Ostblock-Länner, well et och esou Balkan-Pop-rhythmesches a sech huet.”

Datt Israel trotz groussen Debatten a Protester ronderëm déi israeelesch Participatioun op en neits ee Succès feiere konnt, wier ënnert anerem doduerch ze erklären, datt Israel am Virfeld vill Reklamm fir sech gemaach huet, esou den Eric Lehmann:

“Also bekannterweis mécht Israel immens vill Promo fir de Contest a fir hire Kënschtler, weltwäit. Et gëtt eng israeelesch Gemeinschaft a ganz ville Länner, déi hire Kandidat ënnerstëtzen.”

Op der leschter Generalversammlung vun der EBU gouf iwwerdeems fir eng nei Reegel gestëmmt, déi iwwerméisseg Reklamm verbitt. Hannergrond war, datt Israel reprochéiert krut, zejoert de Publikumsvott beaflosst ze hunn.

Den nächsten Eurovision Song Contest fënnt dann 2027 a Bulgarie statt – a wéi enger Stad gëtt eréischt an den nächste Méint bekannt.

play_arrow Lauschteren