Radioen

On air

Owesconcert  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ International Reaktiounen op d'Europawalen: Tendenz no riets confirméiert sech

Macron annoncéiert Neiwalen

International Reaktiounen op d'Europawalen: Tendenz no riets confirméiert sech

Bei den Europawalen huet sech an de groussen Tendenzen dat confirméiert, wat an de Sondagë virausgesot gouf, nämlech ee Rietsruck. Am dramateschsten huet sech dat a Frankräich manifestéiert, wou de President Emmanuel Macron Neiwalen annoncéiert huet. Zu Lëtzebuerg huet déi rietskonservativ Partei ADR et fir d’éischte Kéier an d’Europaparlament gepackt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: European Union

De Fernand Kartheiser ass mat iwwer 37.000 Stëmmen deen Éischtgewielte vun der ADR. Am 100,7-Interview sot hie schonn, datt hien dëst Mandat unhuele géif.

A Frankräich war et iwwerdeems e veritabelen Äerdrutsch no riets.

Frankräich: Rassemblement National gëtt stäerkste Kraaft

De Rassemblement National gëtt mat 30 Sëtz déi stäerkste Kraaft a krut méi wéi duebel sou vill Prozent wéi d’Renaissance vum Emmanuel Macron. D’Sondagen haten et virausgesot an awer hat kee mat der Reaktioun vum franséische President gerechent.

“Après avoir procédé aux consultations prévues à l’article 12 de notre constitution, j’ai décidé de vous redonner le choix de notre avenir par le vote. Je dissous donc ce soir l’Assemblée nationale."

Den éischten Tour vun den Neiwale wier den 30. Juni an den zweeten Tour de 7. Juli.

CDU: Däitsch Regierung soll d'Vertrauensfro stellen

Och an Däitschland huet den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann gesot, datt de Bundeskanzler Olaf Scholz d’Vertrauensfro stelle misst.

Déi dräi Ampel-Parteie mussen nämlech gréisser Verloschter verzeechnen, wärend d’AfD zweetstäerkste Kraaft ginn ass.

Asselborn: Pro-europäesch Parteie musse sech zesummesetzen

De Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten Nicolas Schmit constatéiert eng Tendenz no riets.

Elo dierft een awer op kee Fall kapituléieren oder deen Trend einfach esou akzeptéieren. Där Meenung ass de fréiere Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Am wichtegste wier elo, datt all déi pro-europäesch Parteien zesummestinn a kloer Stellung bezéien. Well dacks wieren déi Parteien, déi sech éischter géint Europa ausdrécken, méi present wouergeholl ginn, wärend déi pro-europäesch Parteie keng kloer Meenung ausdrécken, esou de Jean Asselborn.

“D'EVP, d’Sozialdemokraten, déi Gréng, plus och déi Liberal: Do geet et déck duer wann déi sech zesummesetzen iwwer d’Inhalter, net iwwer d’Persounen, mee fir d’éischt iwwer d’Inhalter.“

Ursula vun der Leyen: Eng Mauer géint Extreemer vu riets a vu lénks

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet awer dozou eng kloer Ausso gemaach. Si schwätzt vun enger Mauer, déi si elo géint déi Extreem op lénker a rietser Säit opriichte wéilt.

“Together with others, we will build a bastion against the extremes from the left and from the right. We will stop them, this is for sure.”

Stäerkste Kraaft am Europaparlament bleift d’EVP-Fraktioun, déi och schonn Usproch op de Poste vum EU-Kommissiounspresident geholl huet.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

 

Aktualitéit
Europa
Europawalen