Dräi Fraen an dräi Männer stinn also op der Lëscht vun deene Grénge fir d'Europawalen. D‘Altersmoyenne läit bei 43,7 Joer.
D‘Lëscht soll um nächste Parteikongress, de 16. Mäerz approuvéiert ginn. Do soll och de Walprogramm ugeholl ginn.
Op där grénger Lëscht fir d’Europawale wier eng Equippen zesummegestallt ginn, déi Erneierung mat Erfarung verbënnt, seet d’Tilly Metz.
Déi zwee Kandidaten un der Spëtzt géinge sech inhaltlech gutt ergänzen. Als positiv empfënnt déi gréng Europadeputéiert et, datt mam fréiere Vizepremier François Bausch och een experimentéierte grénge Politiker mat op der Lëscht ass. Zil wier et, de Sëtz ze behalen, erkläert d'Tilly Metz.
"Ech mengen, mir si lo an enger anerer Zäit, wou nach ëmmer awer vill Greenbashing gemaach gëtt, wou deene Gréngen zu Onrecht d'Schold gi gëtt, mee ech denken, datt et drëm geet, eise Sëtz ze halen, dat ass ganz kloer. Een zweete Sëtz wier genial. Mir wäerte natierlech eis Bescht ginn, fir ee Maximum u Stëmmen ze kréien, fir d’Leit op eis Säit ze kréien, fir se ze iwwerzeegen, wéi wichteg et ass, datt eng proeuropäesch progressiv Partei weiderhi muss am Europaparlament staark vertruede bleiwen."