Den Nicolas Schmit huet do erkläert, d‘Sozialisten hätte mam Vize-President vum Europaparlament Marc Angel schonn en natierleche Kandidat, an hie wéilt him net am Wee stoen. Weider sot den Nicolas Schmit am RTL Interview, hie wier och net de Kandidat vun der LSAP, mee vun allen europäesche Sozialisten, an déi wéilten hien net am EU-Parlament gesinn, mee un der Spëtzt vun der Kommissioun oder eventuell an engem anere wichtege Rôle.
D'Paulette Lenert geet net mat an d'Europawalen
Hie wier och der Meenung, datt nieft dem Marc Angel eng Fra misst stoen. Dat ass awer net d‘Paulette Lenert. Wéi RTL och mellt, huet déi fréier Vize-Premierministesch hinne confirméiert, datt si net mat an d‘Europawale geet.