Radioen

On air

Resonanzen  |  Duke Ellington

play_arrow Live
search

/ Eurobarometer: Den Interessi fir d‘Europawale klëmmt

Europapolitik

Eurobarometer: Den Interessi fir d‘Europawale klëmmt

Den Interessi fir d‘Europawale klëmmt, dat geet aus dem neien Eurobarometer ervir, deen haut publizéiert gouf. 60 Prozent vun de befroten Europäer hunn uginn, datt si wëlles hunn, bei den Europawale matzemaachen, dat sinn 11 Prozentpunkte méi, wéi bei de leschte Walen, 2019.

auto_stories

1 min

D‘Europäer géifen sech wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun méi fir d‘Europapolitik interesséieren. Op den éischte Plaze vun den Theemen, déi am meeschten interesséieren, kënnt och Verdeedegung a Sécherheet an der EU. Op éischter Plaz läit awer de Kampf géint Aarmut an ëffentlech Gesondheet. Mesurë géint de Klimawandel kënnt hannert Verdeedegung. D‘Lëtzebuerger Wieler si méi intresséiert un den Europawalen, wéi d‘Moyenne an der EU.