Et ginn dobäi technesch, infrastrukturell a finanziell Erausfuerderungen, huet den Lëtzebuerger Mobilitéitsministär no engem Treffen matgedeelt.
Wann all Partner domat averstanen wier, da kéint déi Verbindung fréistens Mëtt 2030, also a ronn 10 Joer, méiglech sinn.
Aktuell brauch ee vu Lëtzebuerg op Mannheim dräi Stonnen a 47 Minutten. Déi Fuerzäit kéint ëm bal eng Stonn verkierzt ginn.
Virun allem fir Pendler kéint d'Fuerzäit verkierzt ginn
De Saarlännesche Bundestag-Parlamentarier Philipp Hoffmann huet an deem Kontext eng direkt Zuchverbindung gefuerdert, déi et géif erméiglechen bannent enger Stonn vu Saarbrécken aus a bannent enger halwer Stonn vu Merzig aus op Lëtzebuerg ze fueren.
Déi Verbindung kéint der Etud no och Stied ewéi Metz oder Konz matabannen. Optiounen sinn och regelméisseg Verbindungen iwwer de Regionalen Zuchverkéier iwwer Waasserbëlleg, Konz, Saarburg a Saarbrécken bis hin op Mannheim.
An der Groussregioun Saar-Lor-Lux ginn et am Ganzen 276.000 Pendler, déi vun där Offer kéinte profitéieren. Déi meescht dovunner schaffen zu Lëtzebuerg.