Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Hamish Hawk - Big Cat Tattoos

play_arrow Live
search

/ Et kënnt zu engem separate Bommeleeër-Prozess

Justiz

Et kënnt zu engem separate Bommeleeër-Prozess

8 Persounen, dorënner fënnef fréier Cheffe vun der Gendarmerie Grand-Ducale, musse sech wéinst Falschaussoe virun der Chambre criminelle veräntwerten. Dat gouf elo definitiv an zweeter Instanz vun der Chambre du conseil vum Appellsgeriicht festgehalen, esou de Parquet.

auto_stories

1 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels

D'Uklo, datt 5 vun hinnen d'Justiz behënnert hätten, gouf awer net zeréckbehalen. Eng Persoun, déi ugeklot war, ass mëttlerweil verstuerwen. Dofir gouf dës Affär klasséiert.

D'Chambre du conseil huet och confirméiert, datt déi 8 Inculpéiert net méi virgeheit kréien, och un de Sprengstoff-Attentater u sech bedeelegt gewiescht ze sinn. Wéini béid Prozesser - also dee wéinst Falschaussoen an den eigentleche Bommeleeër-Prozess géint déi Ugeklote Scheer a Wilmes - sinn, ass fir den Ament nach net gewosst.

Viru ronn 40 Joer goufen et uechter Lëtzebuerg eng 20 Bommenattentater op vital Infrastrukturen. D'Attentater konnte bis haut net opgekläert ginn.