Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - The Fields

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Et muss méi fir d’Mobilitéit gemaach ginn”

Ëmfro vum ACL

“Et muss méi fir d’Mobilitéit gemaach ginn”

Den Automobilclub ACL huet am Virfeld vun de Walen eng Ëmfro bei senge Membere gemaach. De grousse Constat ass deen, datt eng Majoritéit fënnt, datt der Mobilitéit aktuell net genuch Wichtegkeet geschenkt gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

94 Prozent vun den ACL Memberen déi matgemaach hunn, wëllen, datt d’Politiker sech besser ëm de Mobilitéitsproblem këmmeren. Eens ass ee sech, datt d’Mobilitéit eis Liewensqualitéit impaktéiert. Dat zum Beispill duerch de Stau moies. Weider gi sech Suerge gemaach iwwert de Käschtepunkt vun der individueller Mobilitéit: et ass de Wonsch, datt een et sech och an Zukunft ka leeschte mam Auto ze fueren. Virun allem wëllen d’Leit awer och, datt den Elektroauto net déi eenzeg Méiglechkeet fir d’Zukunft bleift.

Jiddereen, deen eng Email huet a Member vum ACL ass, konnt op d’Ëmfro äntweren: 6.700 Leit hunn dat och gemaach - dat bei 190.000 Memberen, déi den ACL eegenen Aussoen no huet. Ronn dräivéierel vun den Äntwerte koume vu Männer iwwer 45 Joer.

Den ACL Direkter Jean-Claude Juchem äntwert op d’Fro no der Representativitéit vun der Ëmfro: hie wéilt dat net kommentéieren. Jiddereen hätt schliisslech d’Méiglechkeet gehat, fir matzemaachen. De Jean-Claude Juchem deelt d’Analys och net, datt just militant Autofuerer geäntwert hunn. Et wieren och vill Foussgänger derbäi gewierscht.

Den ACL stellt d’Resultater vun der Ëmfro de politeschen Acteuren zur Verfügung. “Mir wëllen de Porte-parole vun de Leit sinn”  seet de Jean-Claude Juchem. Den ACL huet d’Resultater vun der Ëmfro dräi Woche virun de Wale publizéiert. “Mir wollten d’Walprogrammer net influenzéieren.”,  esou dem Jean-Claude Juchem seng Erklärung. 

Lauschterenplay_arrow