Kuerzfristeg ugeduechte Verbesserunge sollen da presentéiert ginn. Dat hat den DP-Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt ugekënnegt.
Et feelt u klorer Visioun
An der Stad Lëtzebuerg feelt eng kloer Visioun, wouhin et an Zukunft a Saache Vëlosnotzung soll goen, stellt d’ASBL ProVelo fest.
Et hätt een ni héieren, wéi eng Ziler d’Stad deem Büro ginn hätt, deen d’Vëlosplanung mécht, esou d’Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmit.
"De Büro huet net dierfte mat eis kommunizéieren. Mir si lo frou, datt mir de Plang virgestallt kréien. Mee eigentlech hänkt et un där Net-Kommunikatioun."
"Revolutionär nei Saachen"
Op Basis vum Mobilitéitsplang vun der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitskonzept sollen d’nächst Woch vum Stater Schäfferot konkret Mesurë fir d’Vëlosfuerer presentéiert ginn.
"Lo hu mer scho fënnef Joer verschleeft (...). Mir si gespaant wat kënnt. Mir kruten ugekënnegt, datt dann elo ganz nei, revolutionär nei Saache gewise ginn. Mir gesinn dat. Den 12. Februar hu mir déi Entrevue mat hinnen."
Fuerderung iwwer d'Stad Lëtzebuerg eraus
D’Haaptfuerderung vu ProVelo bleift d’Realiséierung vu gudden, sécheren a getrennten Infrastrukture fir d’Vëloen, an dat national, an an de Stied an Dierfer.
"D’Mobilité douce wiisst. Awer de Raum fir déi wiisst net. An et ass normal, dass ëmmer méi Konflikter entstinn."
Néideg wier och een duerchgehend Netz u Vëlospisten.
20 Kilometer Vëloswee pro Joer
Zefridden ass ProVelo iwwer dat “ambitiéist Zil” vun der Ministerin Yuriko Backes (DP), datt pro Joer 20 Kilometer nei Weeër sollen dobäi kommen, esou de Jo Klein vu ProVelo.
"Mir schwätzen ëmmer vun enger Nord-Süd-Verbindung, déi eis nach feelt. Awer och eng Ost-West-Verbindung. Dat heescht mat 20 Kilometer kann een do scho schéi Lücken an eisem nationalen Netz fëllen."
Esouwuel d’Mobilitéitsministesch wéi och d’CFL hätte gären ee grousst Parkhaus fir 1.200 Vëloen op der Stater Gare, esou d’Presidentin vu ProVelo Monique Goldschmit. Nach wier awer net gekläert, ob d’Stad Lëtzebuerg eng Baugeneemegung dofir gëtt.
ProVelo – déi fréier Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – gëtt et zënter iwwer 40 Joer. D’ASBL, déi iwwer 1.900 Memberen huet, hat um leschte Freideg hir Generalversammlung.