Pale Blue Eyes, dat sinn de Sänger a Gittarist Matt Board, seng Fra Lucy Board, déi d’Synthesizer a d’Drum-Machine bedéngt, an de Bassist Aubrey Simpson. Um Debut “Souvenir” huet de Frontmann den Dout vu sengem Papp verschafft, op der zweeter Verëffentlechung “This House” trauert hien ëm seng Mamm. Den Titel vun der Plack bezitt sech op dat Haus, an deem hien opgewuess ass, an dat gesäit een dann och um Cover, mat den Elteren, déi virdru poséieren.
Géint d'Gefiller uspillen
Anescht wéi d’Band The Clientele, där hire rezenten Album “I Am Not There” een änlechen Hannergrond hat, probéiere Pale Blue Eyes net, d’Gefill vu Verlaangeren a Verloscht an d’Musek ze iwwersetzen. Hir Taktik ass et, éischter géint déi Gefiller unzespillen. Lucy Board sot an engem Interview, zesummen hätten si probéiert, duerch d’Freed um komponéieren an um live spillen e Wee aus der Trauregkeet eraus ze fannen.
Déi eelef Lidder op “This House” sinn dann och alleguer danzbar. Si ginn energesch no vir, just wann een op d’Texter lauschtert, dann héiert een, wat fir Gedanken d’Band beschäftegt hunn. An der Single “Spaces” zum Beispill widderhëlt de Matt Board ëmmer erëm de Saz “Let It Go”, wéi ee Mantra, mat deem hie sech selwer wëll Courage maachen.
Mat sengen eegenen Ongewëssheeten net eleng sinn
Beim zweete Lauschtere fält engem dann awer op, wéi subtil et der Formatioun geléngt, géigesätzlech Gefiller a Musek ze iwwersetzen. Wärend d’Gittaren an de Bass d’Lidder no vir dreiwen, verwëschen d’Synthesizer vun der Lucy Board d’Konturen erëm, a maachen d’Dynamik méi komplex. D’Musekerin ass iwweregens eng Spezialistin, wat Synths ugeet, souguer eng diploméiert: si huet hir Ofschlossaarbecht iwwer déi alternativ Musekszeen zu Sheffield an den 1970er geschriwwen, méi genee iwwer Cabaret Voltaire, déi eng Zort Pionéier vun der elektronescher Musek waren.
De Clip zur Single “Spaces” illustréiert perfekt d'Theema vum Album. Hei musizéiert den Trio virun Hannergrënn, déi hektesch wiesselen, wärend si selwer méi oder manner op der selwechter Plaz bleiwen. Alles verännert sech andauernd, heiansdo zum Gudden, heiansdo zum Schlechten, an et muss een ebe probéieren, an deem Trëndel net d’Gläichgewiicht ze verléieren. “Change is inevitable”, huet de Matt Board an engem Interview zum Album gesot. “You have to embrace it all, the good and bad, and the horribly ugly.” Pale Blue Eyes ginn engem beim Nolauschteren d’Gefill, mat sengen eegenen Ongewëssheeten net grad esou eleng ze sinn.