Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et ass offiziell: Den Nicolas Schmit ass de Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialiste

Europawalen

Et ass offiziell: Den Nicolas Schmit ass de Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialiste

Den Nicolas Schmit ass de Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialiste fir d’Europawalen de 9. Juni. D’Partei vun den europäesche Sozialdemokraten hat den aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär am Januar als eenzege Spëtzekandidat designéiert an huet hie gëschter op hirem Kongress zu Roum nominéiert. D’PES huet doriwwer eraus hire Manifest mat deene grousse Linnen aus hirem Walprogramm presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Vill Support a Luef gouf et ënnert anerem vum däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz an dem portugisesche Premier Antonio Costa. Dat, fir dem Nicolas Schmit säin Asaz als EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales iwwert déi lescht véier Joer. Zum Beispill fir d’Aféiere vu Standarde fir een europäesche Mindestloun. Ganz zefridden an houfreg huet sech och d’LSAP-Partei-Presidentin Francine Closener gewisen.

"Virun allem huet hien et awer verdéngt, well et eben een iwwerzeegte Sozialist ass an en iwwerzeegten Europäer an hien huet grouss Meritter. An ech sinn och ganz frou, datt déi elo och op europäeschem Plang op des Aart a Weis unerkannt ginn."

Ze onbekannt?

Déi international Press huet d’Spëtzekandidatur vum 70-Joer ale laangjärege Sozialist bis elo éischter mat enger gewësser Zeréckhalung kommentéiert. Den Nicolas Schmit wier a ville Länner kaum bekannt, eppes wat de Sozialisten net onbedéngt géif hëllefen, sou d’Analys. Dovunner léisst den Nicolas Schmit sech awer net all ze vill beandrocken.

"Also ech wäert elo weisen, an dat hu mir jo och hei lo gesinn, wien ech sinn a firwat ech stinn. An d’Madame von der Leyen war och net besonnesch bekannt, wéi se Kommissiounspresidentin ginn ass, ausser an Däitschland. Bon, si huet natierlech dono den Avantage gehat, Presidentin ze sinn, mee si ass elo Kandidat ewéi ech."

Kampf géint Riets

Wat d‘Schwéierpunkten aus dem Manifest ugeet, sou huet den Nicolas Schmit d’Verdeedegung vun der Demokratie an de Kampf géint Riets als eng vun de Prioritéite genannt.

"Mir mierken eigentlech, datt et op anere Säiten ëmmer rëm Tentative gëtt, fir mat der extrême droite Kompromësser ze fannen. Dat ass mat eis net méiglech. Mir stinn hei riicht fir d’Demokratie an déi europäesch Wäerter."

Weider géing et de Sozialdemokraten drëms goen, ee Retour vun Austeritéitspolitiken ze verhënneren, de Green Deal sozial ze begleeden an d’Sécherheet an Europa ze garantéieren.

Mam Nicolas Schmit ass et déi zweete Kéier datt ee Lëtzebuerger un der Spëtzt vun enger vun de groussen europäesche Parteie steet fir d’Europawalen. 2014 war déi Europäesch Vollekspartei mam fréiere Lëtzebuerger Premier an CSV-Politiker Jean-Claude Juncker un der Spëtzt an d’Wale gaangen. 

Lauschterenplay_arrow