Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - It's Not Just Me, It's Everybody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et ass d'Woch vun de Nobelpräisser

Nobelpräis

Et ass d'Woch vun de Nobelpräisser

An der éischter Oktoberwoch ginn d'Gewënner vum Nobelpräis annoncéiert. Et ass dee bekanntste Präis fir Wëssenschaft, Literatur a Friddensbeméiungen.

auto_stories

2 min

©  picture alliance/dpa | Steffen Trumpf
Foto: picture alliance/dpa | Steffen Trumpf

Medezinn

De Nobelpräis fir Medezinn geet un d'Fuerscher vun de Corona Impfstoffer. Dat sinn déi ungaresch Fuerscherin Katalin Kariko an den US-Fuerscher Drew Weissman. Allebéid fuerschen se un den mRNA-Impfstoffer géint Covid.

Physik

De Physik-Nobelpräis geet un e Fuerscher-Trio am Beräich vun der Atom-a Moleküll-Fuerschung. Ausgezeechent ginn de Ferenc Krausz, deen an Däitschland am Max-Planck-Institut fuerscht, a seng Kolleege Pierre Agostini an den USA an d‘Franséisin Anne L‘Huillier.

D'Annonce vun der Schwedescher Akademie vun de Wëssenschaften huet betount, datt den Trio wichteg Experimenter gemaach huet, déi der Mënschheet nei Instrumenter ginn hunn, fir Virgäng an Atomen a Molekülle besser kënnen ze erfuerschen.

Chimie

Den Nobelpräis an der Chimie geet un dräi Fuerscher, fir d‘Entdeckung an d‘Syntheese vu Quantepunkten.Et handelt sech ëm dräi Fuerscher, déi an den USA aktiv sinn: Moungi Bawendi, Louis Brus an Alexei Ekimov. 

D‘Akademie huet sech iwwerdeems entschëllegt well et eng Fuite gouf an d‘Nimm vun de Laureate scho Moies duerchgesickert waren. Déi ganz Pann wier duerch e Communiqué entstane, deen iertemlecherweis verschéckt gi war.

Literatur

De Literatur-Nobelpräis geet dëst Joer un den norwegeschen Auteur Jon Fosse. Hien ass ausgezeechent gi fir seng innovativ Theaterstécker a seng Prosa, sou déi schwedesch Akademie zu Stockholm.

Seng Wierker sinn a 40 Sproochen iwwersat ginn a ginn zanter Mëtt den 90er Jore weltwäit opgefouert. Den Jon Fosse gëllt als de gréissten norwegeschen Dramatiker zanter dem Henrik Ibsen.

Experten haten am Virfeld spekuléiert, dass dee Präis kéint un e russesche Schrëftsteller goen, esou datt déi schwedesch Nobelpräisakademie e politesche Message mat deem Präis géif verginn. De Präis ass mat engen 950.000 Euro dotéiert. Muer gëtt dann de Lauréat vum Friddensnobelpräis annoncéiert.