Radioen

On air

Notturno  |  Crystal Winds - So Sad

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fall Pim Knaff: CSV an déi gréng halen un Escher Koalitioun mat DP fest

CSV an déi gréng

Fall Pim Knaff: CSV an déi gréng halen un Escher Koalitioun mat DP fest

Den Escher DP-Schäffe Pim Knaff krut gëschter Owend Réckendeckung vun de Koalitiounspartner CSV an déi gréng. Béid Parteien hu keng Demissioun vum Pim Knaff gefuerdert an domat d'Koalitioun mat der DP net a Fro gestallt.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Den Affekot an Escher DP-Schäffe war d'lescht Woch wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof verurteelt ginn. D'Oppositiounsparteien LSAP an déi Lénk zu Esch fuerderen dowéinst dem Pim Knaff säi Récktrëtt.

Mee d‘Decisioun fir als Schäffen ze bleiwen oder net, léich eleng beim Pim Knaff a bei senger Partei DP, huet den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis gëschter Owend an engem Communiqué geschriwwen. 

Et léich zwar en Urteel vir, mee et wier en Urteel wou géing drastoen, datt de Pim Knaff och weiderhin eng politesch Fonctioun dierft ausüben, esou de Christian Weis. Och d'Recht, sech zur Wal ze stellen, wier net verluer.

"Dann ass et fir eis eng Fro: Mir hunn eng Koalitioun, an enger Koalitioun hu mer Parteien, an do sinn et d’Parteien, déi decidéieren, wee si op Posten nominéieren. An dat ass an dësem Fall den Här Knaff fir d’DP. An et ass eben den Här Knaff, deen elo decidéiert, wéi e mam Mandat, wat e jo rechtlech däerf hunn, och weiderhin ëmgeet, an och wéi d’DP domat ëmgeet.”

Et hätt et awer keng Onrou an der Aarbecht vum Schäfferot ginn, sot nach den Escher CSV-Buergermeeschter. An d’Positioun vu senger Partei wier kloer: D‘CSV wier derfir, datt de Koalitiounsprogramm zu Esch weider ëmgesat gëtt. 

Déi Escher Gréng hunn erkläert, si wieren enttäuscht iwwer d'Affär an hätte fir sech aner Konsequenze gezunn. Si hätten awer eestëmmeg decidéiert, d‘Aarbecht an der Dräierkoalitioun zu Esch weiderzemaachen.