De Mann war wéinst der Erstellung, dem Besëtz an der Verbreedung vun Inhalter mat sexuellem Mëssbrauch u Mannerjäregen zu 13 Joer Prisong verurteelt ginn - dovun aacht op Sursis. Anescht wéi de Parquet hätt d’Defense gär, datt d’Strof reduzéiert gëtt.
D’Urteel wier a senger Häert net justifiéiert, esou de Bilan vum Me Lehnen, Affekot vum Ugekloten, gëschter viru Geriicht. Hien huet dofir plädéiert, datt déi fënnef Joer feste Prisong opgehuewe ginn a fuerdert also Sursis simple.
Artikel am Lëtzebuerger Wort koum zur Sprooch
De Vertrieder vum Parquet dogéint fuerdert, datt d’Urteel a senger aktueller Form bestoe belieft - voir de sursis probatoire nach verkierzt gëtt.
"Ech gesinn net, wéi eng Prisongsstrof elo dem Mann säi Liewen op Kopp dréit, wann d’Affer hiert d’ganz Liewen domat ze kämpfen hunn", esou de Vertrieder vum Parquet.
Deen an éischter Instanz verurteelte Mann war an der Lëtzebuerger Theaterzeen aktiv. Hie sot gëschter, anescht wéi dat am éischte Prozess eriwwer komm wier, wier hie sech senger Dot bewosst an hätt Scholdgefiller vis-à-vis vun den Affer.
Dem Ugeklote war am éischte Prozess nogesot ginn, datt hien éischter Matleed mat sech selwer hat, wéi mat de Mëssbrauch-Affer. An engem vill diskutéierten Artikel am Lëtzebuerg Wort hat de Mann seng Positioun nach eemol ënnermauert.
De Vertrieder vum Parquet huet gëschter net gëlle gelooss, datt den Ugeklote vum Lëtzebuerger Wort iwwerrumpelt gi wier, wéi dat vun der Defense duergestallt ginn ass.
Keen Ausschloss vun der Press
Fir datt de Prozess net nees medial géif opgerullt ginn, hat den Affekot vum Beschëllegten um Ufank vun der Seance gefuerdert, datt de Prozess am Ausschloss vun der Press an der Ëffentlechkeet stattfënnt. Och d’Affekotin vun engem vun de mannerjäregen Affer géif dës Meenung vertrieden, esou de Me Lehnen.
De Vertrieder vum Parquet huet sech sengersäits net géint de Huis Clos opposéiert an huet awer ze bedenke ginn, datt wann een der Press keng nei Informatioun géif ginn, datt da grad Detailer aus dem éischter Prozess nees opgewiermt géife ginn.
D‘Riichterin huet d‘Demande ofgeleent. D’Begrënnung wier am Urteel, den 12. Mee, ze liesen, sot si.